Presserevue

24.11.2017 - 06:40

Wouriwwer gëtt national an international geschriwwen? Wat sinn déi grouss Iwwerschrëften an der Press? Mir ginn Iech all Moien e kuerzen Iwwerbléck vun den Themen, déi erausstiechen.
24/11/2017 Presserevue

"Gutt Gesondheet awer... "


ënnert deem Titel huet d'Tageblatt haut den neien OECD-Gesondheetsrapport ausernee gepléckt. Am Editorial schreift de Serge Kennerknecht vum Spill mat der Angscht am Fleege- a Sozialsecteur. Dee Fleegesecteur wéilt Mataarbechter déi ënnert dem méi gënschtege Kollektivvertrag vum Spidolwiesen der FHL agestallt sinn rausdrängen. Den Drock vun der Direktioun op en Deel vun de ronn 500 Betraffenen géif vun Dag zu Dag méi grouss.

De Quotidien dediéiert seng éischt Säit dem Kassatiounsprozess an der Luxleaks-Affaire mam Titel "d'Konterattack vum Journalist". Déi zwee fréier PWC-Mataarbechter Deltour an Halet stounge gëschter jo neess virun de Riichter hei am Land. Parallel huet de Journalist Edouard Perrin  annoncéiert PWC virun der franséischer Justiz unzesichen wéinst Verstéiss géint de Quelleschutz

"Wéi soll d'EU mat Staaten wéi Georgien ëmgoen?" Déi Fro huet d'Lëtzebuerger Wort der Osteuropa-Expertin Armanda Paul gestallt, dat am Kader vun engem EU-Sommet haut mat 6 fréiere Sowjetrepubliken. Si géif et béis iwwerraschen wann d'Ukraine oder Moldawien an den nächsten 20 Joer géifen der EU bäitrieden

"Das Schöne rettet die Welt" heescht et  vum Marc Thill am Editorial. De Journalist hält e Plädoyer fir Mënschen vu verschiddene Kulturen zesummenzeféieren, zum Beispill duerch Kultur

"D'Sich nom Kompromëss" beschäftegt de Journal-Leitartikler Christian Block. Gemengt ass de Kompromëss beim Vermummungsgesetz. E Kompromëss, sou wéi den LSAP-Fraktiounschef e an d'Gespréich bruecht huet, wier no de leschten Aussoen vun der CSV onrealistesch. D'CSV wëll en allgemengt Verbuet. De grénge Justizminister kloer net. E Kompromëss wier just méiglech wann eng Säit nogëtt

Freides ass wéi gewinnt och den Dag op deem d'Wochenzeitungen erauskommen



"Gesellschaft mat beschränkter Hoffnung" heescht dem Peter Feist säi Leitartikel haut am Lëtzebuerger Land. De Journalist kënnt op der Regierung hir geplangte Changementer am Unisgesetz zréck.
Wien den Androck opkomme léisst, d'Uni misst gemanaged ginn, géif d'Vertrauen an d'Uni an hir Wëssenschaftler a Fro stellen, sou seng Conclusioun

Vun engem onkoordinéierten Duercherneen geet dës Woch an der Woxx Rieds. De Journalist Thorsten Fuchshuber mengt, datt de Staat ouni Hëllef vu privaten Initiativen an der Flüchtlingskris gescheitert wier. ONG'en kritiséieren den Integratiounsministère déi verschidde privat Initiativen vum Programm  "mateneen" géifen am Ministère éischter als lästeg emfonnt. D'Corinne Cahen weist d'Reprochen zréck.

De satiresche Feierkrop schreift vun de "verletze Gefiller vum Wäisse Mann" a kënnt ënnert deem Titel op dem Fernand Kachkéipchen säi Gelamentéiers iwwert d'Meenungsfräiheet um Krautmaart zeréck, deen  op all d'Tricker aus der rechter Mottekëscht zeréckgegraff hätt

 an datt Matgefill kee sozialdemokratesche Wäert wier, huet dem Krop no, den Immigratiounsminister Jean Asselborn a senger Reaktioun op d'Protester géint d'Ofschiebung vum georgesche Jong bewisen. "Kanner aus aus der Festung Europa" ass deen Artikel iwwerschriwwen