Presserevue

01.12.2017 - 06:40

Wouriwwer gëtt national an international geschriwwen? Wat sinn déi grouss Iwwerschrëften an der Press? Mir ginn Iech all Moien e kuerzen Iwwerbléck vun den Themen, déi erausstiechen.
01/12/2017 Presserevue

D'Presserevue dann haut um Freideg 1. Dezember, Carine...“vergiess a opginn“ heescht den Editorial de Moien am Wort...

Et geet ëm de Libanon. Net vill héiere vun deem Land an der lescht? Genee dat ass de Problem, schreift de Marc Schlammes de Moien. Zanter iwwer 6 Joer ass Krich a Syrien. Annerhallef Millioune Mënsche sinn an dat kléngt Nopeschland Libanon geflücht an d'Land riskéiert ënnert där enormer Laascht ze zerbriechen. Zu de 6 Millioune Libanese kommen zanter Joren 300'000 palästinensech Flüchtlingen an elo eben och nach annerhallef Millioune Syrer. Dat wär wéi wann hei am Land mat 600'000 Awunner 150'000 Flüchtlinge giffe liewen, sou d'Wort.

De Quotidien gräift d'Diskussioun ëm de Mindestloun op, den Interview mam Minister Nicolas Schmit hei bei eis um Radio huet dat Thema jo sou richteg lancéiert. De Minister huet dem Quotidien geäntwert, hie wär nach net am Wahlkampf, wär och net de Feind vun de Patronen. Mä et kéint een d'Argumenter vu Gewerkschaftssäit net ignoréieren. A just well eppes net am Koalitiounsaccord steet, giff dat net heeschen, datt et net dierft serieux driwwer diskutéieren.
Fir de Claude Wiseler vun der CSV ass eng 10%-Hausse vum Mindestloun iwwregens net realistesch an de Premier soll mol nees Uerdnung an d'Regierung bréngen.

D'Tageblatt erënnert haut un dat schlëmmsten Zuchaccident, dat et hei am Land gouf, haut op den Dag virun 20 Joer. Wéi duerch e Wonner war deemools kee gestuerwen, mä et gouf 66 Blesséierter wéi zu Hollerech owes zwee Zich anenee gerannt sinn. Wéinst de villen Affer hu misse Bluttkonserven aus dem Ausland komme gelooss ginn. Deen Owend selwer hunn den Inneminister Michel Wolter, d'Stater Buergermeeschter Lydie Polfer an de Grand-Duc Jean sech op der Onglécksplaz informéiert.

D'Kandidatur vum Pierre Gramegna als Chef vum Eurogrupp ass ee Sujet de Moien am Land...


De Finanzminister Pierre Gramegna ass Kandidat fir President vum Eurogrupp ze ginn. Datt en tatsächlech kandidéiert, weist drop hin, datt e sech réell Chancen ausrechent, schreift d'Michèle Sinner de Moien am Land.
De Pierre Gramegna giff versichen et dem Jean-Claude Juncker nozemaachen, deen 8 Joer laang dee Posten hat. Villes schwätzt awer géint hien. Seng Géigekandidaten hunn awer och net nëmme positiv Argumenter op hirer Säit.
Wann de Gramegna et awer giff packen, giff et neien Driff an d'Wahlen d'nächst Joer bréngen. D'DP hätt dann däitlech besser Chancen als potentielle Koalitiounspartner. Well kéint eng CSV, déi als Wahlgewënner erwaart gëtt, e Euro-Gruppechef afferen, fir eng Koalitioun mat enger anerer Partei, Gréng oder LSAP, anzegoen? Déi berechtegt Fro werft d'Land de Moien op.