Presserevue

14.12.2018 - 07:20

De gratis ëffentlech Transport, wat bedeit nach den "C" an der CSV? a ganz vill Petitiounen sinn haut e Sujet an der Presserevue...
14/12/2018 Presserevue

Et ass Freideg, de 14. Dezember, mir bliederen duerch d'Zeitungen, Carine, wou et haut ëm de gratis ëffentlechen Transport, d'CSV an ëm ganz vill Petitioune geet....

33 Petitiounen huet déi zoustänneg parlamentaresch Kommissioun gëschter Mëtteg analyséiert, 18 elektronescher ginn elo geschwënn lancéiert. Dat sot déi nei Kommissiounspresident Nancy Arendt dem Wort. Et geet zum Beispill drëms, datt den UN-Migratiounspakt soll ausgesat ginn; direkt 3 Petitionären fuerderen dat. D'Juegd war och e grousst Thema. Déi eng wëllen se ganz verbidden, anerer just d'Klappjuegd an eng 3. Petitioun fuerdert méi Juegden. Den neie Futtballstadion soll zB nom Futtballer Louis Pilot benannt ginn. Enn Januar soll dann iwwert e Fëmmverbuet op den Terrassen debattéiert ginn – pro a contra. Ugangs Februar wäert et an engem Debat ëm manner Plastik goen.

Dem Bopa seng Partei an den „C“ ass dann den Editorial haut am Tageblatt iwwerschriwwen. Den Dhiray Sabharwal beschäftegt sech mat der CSV. Dat mat de „Pafen“ huet der Partei wéineg gefall. Mä wéi vill Chrëschtleches ass nach an der CSV? Wat bedeit den C? Wann dat net méi gewäertschätzt gëtt, dann ass d'CSV ouni en Ausnamepolitiker wéi de Jean-Claude Juncker an der politescher Mëtt, an do dréckt sech och scho ferm d'3er-Koalitioun. Eng Mëtt, déi et de Konservative schwéier mécht nees Terrain ze gewannen. Wann den „C“ keng richteg Bedeitung méi huet, geet et der CSV ähnlech wéi der LSAP mat hirem „A“ wéi Aarbechterpartei, schreift den Tageblatt-Editorialist.

D'Wochepress mécht sech da Gedanken iwwert de gratis ëffentlechen Transport...

D'Lëtzebuerger Land schreift, déi Mesure wär Deel vun engem Pak, mä de geneeën Inhalt vun deem Pak wär nach onkloer. Wat ännert genee bei der Kilometerpauschal, déi ee steierlech kann ofsetzen? Frontaliere kéinten och par Rapport zu den Awunner benodeelegt ginn.

Voll breit und alles gratis – sou gesäit de Feierkrop den Nation branding. Lëtzebuerg géif am Ausland mol eng Kéier anescht duergestallt ginn. D'Cannabislegaliséierung an eben de gratis ëffentlechen Transport suergen derfir, datt mer international Opmierksamkeet kréien a ganz hipp eriwwer kommen. Ambitionéiert Politik maachen oder och nëmmen annoncéieren géif international gelueft ginn. Et misst ee guer keen deiert Geld fir Nation Branding ausginn.