Presserevue

  • Presserevue

    20.03.2018, 06:40

    D'Presserevue mat Scholden, alem Gezei an engem ganz aktuelle Sujet: eiser Sprooch....

  • Presserevue

    19.03.2018, 06:40

    Wat ass haut um 19ten Mäerz wichteg? De Moie fréi huet d’Nadine Gautier schonn duerch déi national Zeitunge gekuckt, a fir Iech do dat wichtegst an interessantst erausgeholl. Ugefang do mam Duebelinterview tëscht dem Sportsminister Romain Schneider an dem Educatiounsminister Claude Meisch am Tageblatt.

  • Presserevue

    16.03.2018, 06:40

    2 Joer Radar zu Lëtzebuerg.., Den 'Télétravail' fir Frontalieren.., oder Hannergrënn iwwert d'Affär Skripal, dominéieren haut an der nationaler Press...

  • Presserevue

    15.03.2018, 06:40

    Den Doud vum Stephen Hawking, d'Präisser vun de Parkingen an de Spideeler, oder eise nationale Gesondheetssystem - dat a méi haut an der Presserevue...

  • Presserevue

    14.03.2018, 06:40

    Den internationalen Diplomatie-Chaos gëtt vum Jean Asselborn ugeprangert, an de Rex Tillerson muss als US-Ausseminister säin Hutt huelen - zwee Sujeten um Mëttwoch an eiser Presserevue...

  • Presserevue

    13.03.2018, 06:40

    Kritik vun engem EU-Kommissär u Lëtzebuerg, de Succès vu Streaming-Servicer, oder d'Geforen duerch Salafisten - dat a méi um Dënschdeg an der Presserevue...

  • Presserevue

    12.03.2018, 06:40

    Geld am lëtzebuerger Fussball, an de neie nationale Stadion dee Retard huet - dat a Méi haut an eiser Presserevue...

  • Presserevue

    09.03.2018, 06:40

    “Bausch négocie gros à Paris” oder “Den USA endlich die Stirn bieten”. Dat sinn zwou vun den Iwwerschrëften op der éischter Säit vun zwou Dageszeitungen hei am Land. D’Nadine Gautier huet de Moien duerch déi geschriwwe Press gekuckt an dobäi nach aner interessant Artikele fonnt.

  • Presserevue

    08.03.2018, 06:40

    8te Mäerz dat heescht Weltfraendag. Ee Sujet deen haut grouss am Tageblatt opgegraff gëtt, ma net nëmmen do. De Sujet ass haut an allen Zeitungen omnipresent. D’Nadine Gautier.

  • Presserevue

    07.03.2018, 06:40

    Den éischten nationale Antibiotika-Plang an den Tourismus zu Lëtzebuerg d’lescht Joer sinn zwee vun de nationale Sujeten an der geschriwwener Presse haut. D’Nadine Gautier huet fir Iech de Moien duerch d’Zeitunge gebliedert an dobäi nach e puer Sujeten fir d’Presserevue vun haut den 7te Mäerz erausgeholl.

  • Presserevue

    06.03.2018, 06:40

    D’Legislativen an Italien bleiwen och haut een Thema an der Presse. Ma et gëtt och an der geschriwwener Presse op de Statut vun de Stagiaire gekuckt. D’ACEL hat nämlech eng Ännerung bei der Gesetzgebung ugefrot, déi aus dem Joer 1982 staamt. D’Nadine Gautier huet fir Iech de Moien d’Zeitungen gelies an déi wichtegsten Themen erausgepickt.

  • Presserevue

    05.03.2018, 06:40

    Wat ass haut um 5te Mäerz, an der nationaler Presse wichteg? D’Nadine Gautier huet de Moien fir Iech duerch d’Zeitunge gekuckt, an do e puer Sujeten erausgepickt.

  • Presserevue

    02.03.2018, 06:40

    Diskussiounen ronderëm de Logementsproblem am Land, déi ëffentlech Medien an der Schwäiz, an eng Regierung déi et eescht mat de Grondrechter mengt - alles dat liese mer um Freideg an der nationaler Press...

  • Presserevue

    01.03.2018, 06:40

    „Vun der Long op d'Zong“ titelt d'Wort a war sech déi 1. Sproocheronn ukucken, déi den Educatiounsministère iwwer d'Lëtzebuergeesch organiséiert. Hei kann een als Bierger Proposë maachen, seng Froen a Suerge formuléieren. Dat ass haut ee Sujet an der Presserevue.

  • Presserevue

    28.02.2018, 06:40

    De Bléck an d'Zeitungen, haut um 28. Februar – Carine – quasi iwwerall huet de reforméierte Congé Parental et op d'Titelsäit gepackt...