• Gemengepostkaart: Stad Lëtzebuerg

    03.10.2017, 07:20

    Eis läscht Statioun vun den Gemengepostkaarten hëlt eis mat déi eenzeg offiziell Groussstad hei zu Lëtzebuerg. Iwwer d'Stad wësse wuel déi meeschte Leit gutt Bescheed. Duerch Kasematte sinn mer bestëmmt alleguer scho getrëppelt, a genausou kennt och den Groussdeel d'Geschicht vum Siggy an dem Melusina. Wat den Knuedler ass muss een och net weider erklären an iwwert den bekannte Wenzelswee sinn och schonn eng jett Leit getrëppelt. Fir emol eng aner Vue op eis Stad ze kréien huet d'Jil Arend sech op den Wee an e Jugendhaus & e Foyer du Jour gemaach, an huet mat eise klengen a jugendleche Matbierger geschwat

  • Gemengepostkaart: Beetebuerg

    02.10.2017, 07:20

    Wann ee sech freet, wat Beetebuerg mat der Grënnung vun der EU ze dinn huet, ma dem Robert Schuman seng Mamm war eng gebierteg Beetebuergerin. De Jeff Dondelinger huet sech an der Gemeng ëmgekuckt.

  • Gemengepostkaart: Gréiwemaacher

    30.09.2017, 07:10

    Mir kruten nees eng Gemengepostkaart geschéckt.  Ënnerschriwwen ass se mam Numm "blannen Theis".  D’Danielle Goergen weess vu wou se kënnt.

  • Gemengepostkaart: Diddeleng

    29.09.2017, 07:20

    Zu Diddeleng do fënnt een alles, dat héiert een dacks vun Diddelenger Leit. Do brauch een net wäit ze fueren, a scho guer net bis an d'Stad. Well Diddeleng ass jo souwisou selwer eng Stad. Mat iwwer 20.000 Awunner déi véiert gréissten am Land. Si läit am Nordoste vun der loutrengescher Minettsgéigend a gëtt och gäre Forge du Sud genannt. Hei stoung nämlech déi éischt modern Schmelz. Jidderee huet och scho vum tragesche Fligeraccident am Joer 1981 héieren, wou een belsche Militärfliger den RTL's Mast um Ginzebierg mat ewechgeholl hat. A vir verschidde Saache kommen d'Leit, virun allem d'Dammen, esouguer extra op Diddeleng gefuer. De Pierre Jans war an der Forge du Sud ënnerwee.

  • Gemengepostkaart: Péiteng

    28.09.2017, 08:45

    D’Gemeng Péiteng ass flächeméisseg eng vun deene klengsten am Land, obwuel se aus 3 Uertschaften besteet, Rodange, Rolleng an Péiteng selwer. Den Kevin Heinen war an den Kanton Esch-Uelzecht.

  • Gemengepostkaart: Suessem

    27.09.2017, 07:20

    Suessem, Zolwer, Bieles an Éileréng: ronderëm dës 4 Uertschaften dréit sech eis Gemengepostkaart vun haut. Zesumme forméieren se d’ Gemeng Suessem, déi méi eng laang Geschicht um Bockel huet wéi ee menge kéint. De Jeremy Ney war fir eis bis an d’ Südgemeng an huet nogefrot firwat dës deemools wéi haut sou vill Leit unzitt a wéi d’ Veräinsliewen hei ausgesäit.

  • Gemengepostkaart: Déifferdeng

    26.09.2017, 07:20

    Eis Gemengepostkaart vun haut kënnt aus dem Süde vum Land. Christine Corsi war zu Déifferdeng ënnerwee. Zur Gemeng Déifferdeng gehéieren Uewerkuer, Nidderkuer, Zowaasch an de Fond-de-Gras. Et ass déi 3.gréisste Gemeng am Land an huet esou muenches ze bidden, wéi Christine eis erklärt

  • Gemengepostkaart: Jonglënster

    23.09.2017, 07:10

    12 Uertschaften, 2 Lieu-diten op 55,4 Quadratkilometer fir ronn 7500 Awunner, dat sinn e puer plakeg Zuele fir d'Gemeng Jonglënster ze beschreiwen, déi gréisst a bevëlkerungsräichst Gemeng aus dem Wahlbezierk Osten. De Yann Logelin mat enger klenger Postkaart vun enger Gemeng, déi bannent 35 Joer hir Populatioun verduebelt huet...

  • Gemengepostkaart: Schëffleng

    22.09.2017, 07:20

    Schëffleng kënnt een net just wéinst senger Kavalkade, ma och ëmmer méi wéinst senge Sportler. Nenne kënne mir do am Tennis de Gilles Müller, am Vëlossport de Ben Gastauer an d’Nathalie Lamborelle an am Fussball den Miralem Pjanic. De Ben Reichling war bis an dës kleng Gemeng am Süden a presentéiert eis eng flott Gemengepostkaart

  • Gemengepostkaart: Dikrech

    21.09.2017, 07:20

    An eiser Serie vun de Gemengepostkaarte féiert eis de Wee haut op Dikrech. Um Fouss vum Härebierg gouf de Pit Everling sou munches gewuer iwwer d’Sauerstiedchen, hir Leit an hir Traditiounen

  • Gemengepostkaart: Miersch

    20.09.2017, 07:20

    Wann een eng Postkaart kritt op där "den alen Tuerm" drop ass an eng "nei, rout Bréck" da kënnt een zimlech séier drop, datt se aus der Gemeng Miersch muss kommen. Aus där Gemeng, an där zum Beispill den Auteur a Politiker Emmanuel Servais op d'Welt koum, wou nieft der Literatur an der Kultur och "Spadséiere goen" grouss geschriwwe gëtt, a wou d'Leit aus deene verschiddenen Dierfer zesummenhalen - op d'mannst meeschtens, Dany Rasqué...

  • Gemengepostkaart: Ettelbréck

    19.09.2017, 07:20

    Haut verschléit et eis a Richtung Norden, an déi awunnerméisseg gesi gréisste Gemeng vum Wahlbezierk Norden, op Ettelbréck. D'Paart vum Éislek oder den Ardennen. Eng Stad, mat där een esou munches verbënnt an déi alt mol gären, d'Pattonstad, d'Bauerestad, oder nach d'Geschäftsstad Ettelbréck genannt gëtt. De Pit Everling mat der Gemengpostkaart.

  • Gemengepostkaart: Mamer

    18.09.2017, 07:20

    Wat fält Iech an wann der misst eng Gemeinsamkeet tëscht dem Nicolas Frantz, an dem Josy Barthel nennen? Ofgesinn dovun, dass se allen zwee grouss Lëtzebuerger Sportler waren? Richteg: hir Gebuertsplaz. Haut kucke mir eis an de Gemengepostkaarten d'Gemeng Mamer méi genee un. D'Julie Dupont war fir eis bis laanscht an huet sou munches bäigeléiert.

  • Gemengepostkaart: Klierf

    16.09.2017, 07:10

    Matten am Häerz vun de Lëtzebuerger Ardennen läit d'Gemeng Klierf. Zanter der Fusioun mat de Gemengen Hengescht a Munzen ëmfaasst se 17 Dierfer. Bekannt ass se virop duerch d'mëttelalterlecht Schlass mat dem Edward Steichen senger weltbekannter Foto Austellung "The Family of Man", der Benediktiner Abtei an dem Touristen Zenter zu Munzen. A senger Gemengepostkaart huet dRaphaëlle Dickes des awer bewosst net an de Virdergrond gestalt.

  • Gemengepostkaart: Käl/Téiteng

    15.09.2017, 07:20

    Iwwert 20 verschidde Schreifweise goufen et zanter Käl déi éischte Kéier 1235  a Schrëfte genannt gouf. De Jeff Dondelinger huet sech d'Gemeng Käl/Téiteng méi genau ugekuckt.