• Gemengepostkaart: Réiser

    14.09.2017, 07:20

    Den Dall ëm Réiser war schonns an der Steenzäit bewunnt. Vill archeologesch Objeten beweisen dat. D’Geschicht vun der Gemeng ass deemno immens interessant a räich. Wéi d'Gemeng sech haut presentéiert, weess d'Christine Corsi an huet dofir Päerd a Kutsch ugespaant.

  • Gemengepostkaart: Walfer

    13.09.2017, 07:20

    Fir vill Leit ass Walfer éischter eng laangezunnen Haaptstrooss, mat vill Verkéier, e puer Rondpointen an enger Busspur. Walfer ass awer vill méi. Wien kennt net d'Bicherdeeg, e festen kulturellen Rendezvous,  an och sportlech huet d'Gemeng genuch ze bidden: dëst Joer ass schonn déi 42. Editioun vum Walfer Vollekslaf. Nieft de klasseschen Sportveräiner kann een hei och Cricket a Rugby spillen. Den Dan Spogen weess nach vill méi iwwert d'Gemeng Walfer ze zielen...

  • Gemengepostkaart: Hesper

    12.09.2017, 07:20

    Mir sinn dëse Summer an den 105 Gemenge vum Land ënnerwee an déi, déi Christine Corsi besiche war, kennt Dir bestëmmt a waart sécher och schonn do. Mee ëm wéi eng geet et elo?

  • Gemengepostkaart: Stroossen

    11.09.2017, 07:20

    Stroossen ass multikulturell. Op 10 multikulturelle Quadratkilometer liewe knapp 9.000 Leit, dovunner sinn 62% Net-Lëtzebuerger. 107 verschidden Nationalitéiten sinn an der Gemeng Stroossen vertrueden. Net nëmmen Areler Strooss, mä eng Diversitéit vu Veräiner, Organisatiounen a ganz engagéierte Bierger zu Stroossen, Corinne Folscheid.

  • Gemengepostkaart: Esch

    09.09.2017, 07:10

    1128 gouf se fir d'éischt an enger Schrëft ernimmt, si huet sech an der zweeter Halschent vum 19. Joerhonnert duerch d'Entdeckung vum Eisenäerz entwéckelt, an hire Schmelze gouf doropshi Stol produzéiert, wat - nieft enger 1. Immigratiounswell - mat sech bruecht huet, dass d'Awunnerzuel séier an d'Luucht goung, an 1906, mat deemools 13.000 Awunner, ass Esch zur Stad ginn

  • Gemengepostkaart: Wolz

    08.09.2017, 07:10

    D'Annick Goerens hëlt iech fir eis Gemengepostkaart vun haut mat an d'Haaptstad vun den Ardennen, nämlech op Wolz. Den 1. Januar 2015 ass d'Gemeng Wolz mat der Gemeng Eeschwëller fusionéiert, zanter hir wunnen uechter Ierpeldeng, Knapphouschent, Rulljen, Selschent, Eeschwëller, Wegdichen an Wolz eng 6700 Leit.  D'Uertschaft am Kanton mam gläichen Numm dierft net nëmmen all Lëtzebuerger e Begrëff sinn, ma ass och international bekannt.  

  • Gemengepostkaart: Monnerech

    07.09.2017, 07:10

    4 Uertschaften gehéieren an d'Gemeng Monnerech. Biergem, Féiz, Monnerech a Steebrécken. Eng Gemeng déi zum Kanton Esch/Uelzecht gehéiert. Wat des Gemeng am Süden esou attraktiv mécht, huet d'Brigitte Bintz fir eis eraus fonnt.

  • Gemengepostkaart: Käerjeng

    06.09.2017, 07:10

    Am Kader vun eise Gemengepostkaarte mécht sech d’Kira Daleiden op de Wee an de Kanton Kapellen, an de Südweste vum Land, huet do interessant Leit begéint, déi virum RTL-Mikro e flotte Portrait gezeechent hunn.

  • Gemengepostkaart: Bartreng

    05.09.2017, 07:10

    Bartreng, fir vill vun eis ee Synonym fir grouss Akafszenteren a Zone Industriellen. Eng Uertschaft, déi sech vun der Helfenterbréck iwwert d'Lonkescherstrooss bis bal op Dippech zitt. Et waren iwwregens d'Franken, déi dem deemolegen Duerf tëscht 459 an 963 säin Numm ginn hunn. En ass ofgeleet vum Virnumm vun engem fränkeschen Chef, dem Bert oder Bertho, mam Suffix -ingen oder -ange, fir ze soen, dass d'Uertschaft dem Chef Bert gehéiert. D'Corinne Folscheid wullt elo nach méi déif an der Geschicht.

  • Gemengepostkaart: Nidderaanwen

    04.09.2017, 07:10

    Elo maache mir eis erëm op den Tour vun eise Gemengen. De Vincent Bsarani war fir eis zu Nidderaanwen ënnerwee an huet sech do e bëssi ëmgekuckt.

  • Gemengepostkaart: Kielen

    01.09.2017, 17:10

    Kielen ass flächeméisseg déi gréisste Gemeng vum Kanton Capellen a gehéiert zum Süd Bezierk vum Grand-Duché. Kit datt d’Gemeng an de leschte Joer vill nei Wunnquartiere bäigebaut huet an ënnert villem Trafic leit, ginn et trotzdeem nach vill Gréngs a Bëscher ronderëm mat flotte Spadséierweeër, sou datt een hei e richtegt Landliewe ka genéissen. Mat bal 5.800 Awunner, gehéieren zu der Gemeng Kielen nach d’Uertschaften Dondelingen, Keespelt, Meespelt, Nouspelt an Ollem. D’Carole Simon ass fir eis op Entdeckungsrees gaangen.

  • Gemengepostkaart: Iechternach

    01.09.2017, 07:10

    Am Kader vun eise Gemenge Postkaarten huet d'Kira Daleiden eng Rees an de Mëllerdall gemaach, an zielt eis Haut eppes iwwert d'Gemeng Iechternach.

  • Gemengepostkaart Rëmeleng

    31.08.2017, 17:10

    D'Gemeng Rëmeleng mat hiren 5.469 Awunner besteet just aus der Stad Rëmeleng. Fréier huet nach Uewertéiteng dozougehéiert, mee dat heescht haut och Rëmeleng. Den Jeff Dondelinger war kucke wat alles an där Gemeng lass ass.

  • Gemengepostkaart: Steesel

    31.08.2017, 07:10

    D'Gemeng Steesel sëtzt sech zesummen aus den Dierfer Steesel, Mëlleref an Heeschdref. De Nik Kirsch war e bësse Steeseler Loft schnupperen.

  • Gemengepostkaart: Stengefort

    30.08.2017, 17:10

    Elo ginn mer erëm op den Tour vun eisen Gemengen. Haut sinn mer zu Stengefort ënnerwee, eng Gemeng déi direkt un der belscher Grenz läit. Mat entretemps iwwert 5000 Awunner ass Stengefort duerch säin noen Accès op d'A6 eng knapp hallef Stonn vun der Stad fort. Den Vincent Bsarani war fir eis do ënnerwee.