• Gemengepostkaart: Mondorf-les-Bains

    30.08.2017, 07:10

    An eiser Gemengepostkaart vun haut fuere mer an de Südosten vum Land. Dohinner, wou de 4te Juli dëst Joer, déi 4ert Etapp vum Tour de France gestart ass. Dausende Leit haten dofir e Wee op Munneref fonnt, mä och soss am Joer verlafen sech nawell ganz vill Leit an der 5000-Awunner-Gemeng un der Gander. De Joël Detaille war d‘Thermal-Stad besichen, ma huet sech awer fir e ganz aneren Deel vu Munneref interesséiert.

  • Gemengepostkaart: Schengen

    29.08.2017, 17:10

    Fir eis Gemengepostkaart haut fuere mer ganz an de Süd-Osten vum Land, direkt an den 3-Lännereck tëscht dem Grand-Duché, Frankräich an Däitschland. Schengen ass eng Gemeng mat gutt 4800 Awunner, a setzt sech aus direkt 5 Uertschaften zesummen, déi sou-ze-soen d’Feescht vum lëtzebuerger Schung forméieren. De Joël Detaille huet sech op de Wee gemeet, an eng Gemeng, déi wéinst hirem Numm weltwäit bekannt ass, an an der Läscht och dacks am Fokus vun der europäescher Politik stoung.

  • Gemengepostkaart: Mäertert

    29.08.2017, 07:10

    D‘Gemeng Mäertert aus dem Osten ass bekannt fir hiren Hafen an hier Wäifester, mä se huet wäit méi ze bidden. D'Gina Becker war dohi kucken.

  • Gemengepostkaart: Fréiseng

    28.08.2017, 17:10

    Den Jangli huet an der Zäit op senger Rees aus der Stad rof op Réimech och an der Fréisenger Gemeng eng Rascht gemaach. Eis Postkaart vun Haut huet hien ënnerschriwwen.  D’Danielle Goergen war fir eis mol no him sichen.

  • Gemengepostkaart: Rammerech

    28.08.2017, 07:10

    Folscht, Pärel, Kietscht, Houltz, Wolwen... dëst sinn nëmmen e puer vun de 14 Dierfer déi zur Gemeng Rammerech gehéieren. Martel, ganz am Westen, grenzt un d'Belsch an ass bekannt fir seng sëllechen Tankstellen. Awer net nëmmen! D'Raphaëlle Dickes huet eis eng Postkaart aus der ronn 4.300 Awunner Gemeng geschéckt.

  • Gemengepostkaart: Wëntger

    25.08.2017, 17:10

    Déi eelst Gemengefusioun aus dem Land, déi gréisst Gemeng, ganz am Norden vum Land, an et gëtt 24 Stonne Vëlo gefuer... Riets geet natierlech vun der Gemeng Wëntger. An eisem Tour duerch d'Lëtzebuerger Gemengen zitt et de Mil Muller haut dohin.

  • Gemengepostkaart: Dippech

    25.08.2017, 07:10

    Zu Dippech gehéiere Sprénkeng, Schuller a Betten. D'Gemeng zielt aktuell ronn 4.160 Awunner a läit ganz zentral. 11 Kilometer vun der Stad ewech an 10 vun Esch. Op ville Plazen sinn am Gaangen nei Immobilien aus dem Buedem ze schéissen. Dat bedeit fir d'Dippecher Gemeng natierlech och déi ëffentlech Infrastrukturen de Besoinen unzepassen, zum Beispill mam Bau vum fuschneie Schoulcampus zu Schuller, deen zanter leschter Rentrée operationell ass. D'Corinne Folscheid hëlt eis elo mat an eng Gemeng, déi hire ländleche Charakter bis ewell net verluer huet.

  • Gemengepostkaart: Schëtter

    24.08.2017, 17:10

    Minsbech, Schrasseg, Iwwersyren, d’Neihaischen an natierlech Schëtter; dat sinn déi 5 Uertschaften aus deenen sech d’Gemeng Schëtter zesummesetzt. Eppes klengs méi wéi 4000 Leit hunn hei hiert Doheem, dobäi kommen nach eng Kéier ronn 700 Persounen am Prisong zu Schrasseg.  A viller Hisiicht ass Schëtter eng ländlech Gemeng, an awer si mer hei just e Kazesprong vun der Stad ewech. D’Bea Kneip war sech op Schëtter ëmkucken.

  • Gemengepostkaart: Luerenzweiler

    24.08.2017, 07:10

    Elo geet et erëm op den Tour mat eisen Gemengen. Den Vincent Bsarani war fir eis zu Luerenzweiler.

  • Gemengepostkaart: Betzder

    23.08.2017, 17:10

    Bei eisem Tour duerch d'Lëtzebuerger Gemengen si mer haut zu Betzder ukomm. Et ass – trotz enger SES, der grousser Satelittegesellschaft - eng ländlech Gemeng, mat 3'800 Awunner. 5 Dierfer huet d'Gemeng, déi ganz verschidde sinn: Betzder, Rued-Sir, Ouljen, Bierg a Menster. D'Carine Lemmer war bis laanscht...

  • Gemengepostkaart: Konter

    23.08.2017, 07:10

    Déi Gemeng, déi mir Iech haut virstellen läit am Kanton Lëtzebuerg. Zu der Gemeng zielen d'Uertschaften Mutfert, Éiter, Méideng a Konter. Den Kevin Heinen huet des Gemengepostkaart bei eis an den Studio geschéckt.

  • Gemengepostkaart: Koplescht

    22.08.2017, 17:10

    D'Uertschaft Koplescht läit un der Baach Mamer. Dat ass awer just ee klengen Detail, nach méi Informatiounen liwwert eis de Nik Kirsch

  • Gemengepostkaart: Réimech

    22.08.2017, 07:10

    Remacum – ënnert deem Numm hunn d’Réimer schonn am 5fte Jorhonnert op der Musel, eng vun de bekanntesten lëtzebuerger Uertschaften gegrënnt. Quasi all Lëtzebuerger war schonn op d’mannst ee mol do. Sief et fir e Spadséiergank iwwert d’Esplanade, eng Partie Minigolf, oder einfach just e Pättchen op enger Terrasse. Eng 3000 Leit wunnen do, laanscht d‘ Wéngerten, tëscht dem Scheierbierg a Briedemes. Rieds ass natierlech vun der Pärel vun der Musel, vu Réimech.., an de Joël Detaille huet sech sur place mol ëmgekuckt, an hat de Radio un fir dohin.

  • Gemengepostkaart: Sandweiler

    21.08.2017, 17:10

    Elo geet et nees op den Tour duerch eis Gemengen. Haut sinn mir zu Sandweiler, eng Gemeng ëstlech vun der Staat, direkt an der Géigend vum Irgäertchen. De Vincent Bsarani war an der Gemeng ënnerwee.

  • Gemengepostkaart: Habscht

    21.08.2017, 07:10

    Habscht, Äischen, d'Gäichel am d'Kräizerbuch, mir léieren de Moien eng vun den 11 Gemengen aus dem Kanton Capellen mat hiren 3450 Awunner kennen. D'Proporzgemeng Habscht déi no de Wahlen mat Simmer fusionéiert, läit schéin am Gréngs, déif am Westen, direkt un der belscher Grenz.  Claude Zeimetz