• Gemengepostkaart: Park Housen

    18.08.2017, 17:10

    Gebësch a Gestrëpps a mattendran: en däischteren Agang. Dat ass d'Bild op der Postkaart vun haut. Se kënnt aus dem Norden. Aus der Gemeng Parc Housen an d'Raphaëlle Dickes huet eis se geschéckt.

  • Gemengepostkaart: Ëlwen

    18.08.2017, 07:10

    An elo gi mer op den Tour an déi nërdlechste Gemeng vum Grand-Duché, nämlech op Ëlwen. Uechter Kierchen, Biwwesch, Drénkelt, Géidgen, Beesslek, Huldang, Wilwerdang an Ëlwen selwer, wunnen iwwer 3140 Leit. Et ass donieft och d'Gebuertsplaz vum éischte Lëtzebuerger Bëschof dem Nicolas Adames, déi Gemeng mat den 2 héchste Punkten am Land AN déi Plaz wou 1914 den éischte Weltkrich ugefaangen huet. D'Annick Goerens hëlt eis mat an d'Héich-Éislek.

  • Gemengepostkaart: Biissen

    17.08.2017, 17:10

    Haut schwätzen mir vun der Gemeng Biissen, enger Gemeng, déi ville Leit duerch de Festival "Food For Your Senses" e Begrëff ass. Mä dat ass awer nach laang net alles wat d’Gemeng ze bidden huet. D’Julie Hary war op der Plaz an huet sech ënner anerem eppes iwwert d'Vergaangenheet vu Biissen verziele gelooss.

  • Gemengepostkaart: Lëntgen

    17.08.2017, 07:10

    3 Uertschaften gehéieren zur Gemeng Lëntgen: Gousseldeng, Pretten an natierlech Lëntgen selwer. Aktuell wunnen eppes ënnert 3000 Leit an der Gemeng. Ähnlech wéi an villen aneren Gemengen uechtert d'Land huet och Lëntgen säin Fussballveräin, seng Korall an Jugendhaus. Ma d'Claudia Kollwelter huet sech bei sengem Tour duerch d'Gemeng op d'Fabriken vu Lëntgen konzentréiert, op et elo richteger sinn oder net.

  • Gemengepostkaart: Réiden

    16.08.2017, 17:10

    Réiden ass eng Gemeng am Weste vum Land am schéinen Atertdall. Réiden ass awer och d‘Gebuertsplaz vun enger vun de gréisste Lëtzebuerger Perséinlechkeeten. Den Nicolas Kandel war mam Mikro bis dohin, op de Spuere vun der Geschicht.

  • Gemengepostkaart: Wormer

    16.08.2017, 07:10

    Wormer, Wuermer, Wuermeldeng...kuerz gesot: der Musel hir -  oder besser nach: dem Grand-Duché seng  Rieslingsgemeng...Wormer, Wormerbierg, Ohn, Éinen a Meechtem sinn d'Haapt-Dierfer...déi zwee aner ginn dacks vergiess, vläit well een nach ni vun engem „Grand Premier Cru“ Kapenaker oder engem "Domaine et Tadition" Dräibuer héieren huet?! D'Miseler wiere lëschteg a liewensfrou, gëtt gezielt...- si se och! ...mee se hunn awer och eng jett héich-intressant aner Naupen...an déi stinn op der Wormer Postkaart, déi d'Monique Kater op de Kierchbierg geschéckt huet.

  • Gemengepostkaart: Bettenduerf

    15.08.2017, 17:10

    Kommt mir maachen e klengt Rätsel. Eis Gemeng déi mer siche läit am Kanton Dikrech. Zesumme mat de Gemengen Kolmer-Bierg, Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng a Schieren forméiert dës Gemeng déi mer sichen de Kär vun der Nordstad. De Patrick Greis huet nach méi Indicen.

  • Gemengepostkaart: Feelen

    15.08.2017, 09:15

    Nodeems gëschter Gemeng Mäerzeg dru war fir eis Gemengepostkaart, gi mer haut an d'Nopeschgemeng Feelen emol kucke wat et do Interessantes ze erliewen gëtt a wéi fréier do d'Léit gelieft hunn. D'Brigitte Bintz huet sech mat Léit vu Feelen ënnerhalen an bréngt eis Impressiounen aus dem Norden mat.

  • Gemengepostkaart: Mäerzeg

    14.08.2017, 17:10

    Mäerzeg ass déi westlechst Gemeng am Kanton Dikrech. Am Norden grenzt Gemeng un Esch-Sauer, am Nordosten u Feelen an am Südosten un Ettelbréck. D'Uertschaft läit am Dall vun der Waark. Zanter 1875 ass Mäerzeg eng eegestänneg Gemeng, virdrun huet se zu Feelen gehéiert. D'Brigitte Bintz ass fir eis an de Norden gefuer an huet eis Impressioune matbruecht.

  • Gemengepostkaart: Leideleng

    14.08.2017, 07:10

    Haut geet et an eiser Serie vun den Gemengepostkaarten op Leideleng, enger Gemeng vun ronn 2500 Awunner an enger Fläch vun 1352 ha. De Kevin Heinen war bis laanscht kucken an huet vill bäigeléiert.

  • Gemenge-Postkaart: Ärenzdall

    11.08.2017, 16:50

    Viru gutt engem Joer stoung d'Ärenzdall Gemeng an der Aktualitéit wéinst den uergen Iwwerschwemmungen, déi Autoe matgerappt an Haiser ënner Waasser gesat hunn. Och wann e sëlleche Betraffener haut nach un dem Erliefte knaen, esou ass nees Normalitéit am Alldag agekéiert. D'Raphaëlle huet eis eng Postkaart geschéckt aus der Fusiounsgemeng déi 2012 aus dem Zesummeschloss vun de Gemenge Miedernach an Iermsdref entstanen ass.

  • Gemengepostkaart: Käerch

    11.08.2017, 07:10

    Gemeng Käerch ass definitiv eng kulturell Pärel, déi vu vill Gréngs ëmginn ass. Zesummen mat den Uertschaften Giewel, Gëtzen a de Wandhaff, kënnt d’Gemeng Käerch op eng gesamt Awunnerzuel vu méi ewéi 2400 Leit. Déi Käercher hunn et verstanen hiren Duerfkär esou gutt et geet ze konservéieren. Wa Gëtzen hautzedaags eng reng Wunnzone ass, fënnt een zu Giewel nach ëmmer relativ vill Bauerebetriber. Um Wandhaff, dee Fréier als Maartplaz benotzt ginn ass, gouf no a no, an de 1960er Joren, eng Industrie Zone installéiert. Si gouf bewosst aus deenen 3 aneren Uertschaften erausgehalen a suergt haut fir de finanzielle Räichtum vun der Gemeng. D’Carole Simon huet sech mat de Käercher am Duerf getraff.

  • Gemengepostkaart: Recken op der Mess

    10.08.2017, 17:10

    Déi Gemeng, déi mir Iech haut virstellen, ass a 6 Uertschaften opgedeelt: Recken/Mess - Eileng - Lampesch - Pisseng - Riedgen a Wickreng. Nach bis 1856 war och Leideleng dëser Gemeng ugeschloss. Eng ganz flott Gréngzone mat hirem Charme ass entstanen an der Mëtt tëscht Lëtzebuerg an Esch/Uelzecht. D'Brigitte Bintz ass fir eis duerch déi verschidden Uertschaften getrëppelt an huet eis Andréck matbruecht.

  • Gemengepostkaart: Biekerech

    10.08.2017, 07:10

    Waasser, Nohaltegkeet, Gesellegkeet, Natur an de Beki... Eisen Tour duerch d'Gemengen féiert eis haut an de Réidener Kanton fir genee ze sinn an d'Majorzgemeng Biekerech mat hiren 2465 Awunner. Opgedeelt op 8 Uertschaften vun Uewerpallen direkt un der belscher Grenz iwwer Liewel, Hitten, Näerden, de Schweecherdall mat Huewel, Iewel a Schweech an natierlech dem Häerz vun der Gemeng,  zu Biekerech. Mir fueren also wäit an de Westen. Vum "Wëlle Westen", Claude Zeimetz, wëllen se do awer léiwer näischt héieren.

  • Gemengepostkaart: Ierpeldeng op der Sauer

    09.08.2017, 17:10

    „D’Schlass ass eis duerch Zoufall an de Grapp gefall“. Esou beschreift een deen d’Ierpeldenger Schlass ganz gutt kennt, de René Hübsch souz 36 Joer laang an der Gemeng, an huet och ënnert anerem Visite guidéen gemaach. D’Gemeng Ierpeldeng, dat si Bierden, Ierpeldeng  op der Sauer an Angelduerf. Dës Kéier féiert eis d’Serie Gemengepostkaart also bis an d’Géigend vun der Nordstad. Nadine Gautier.