• Gemengepostkaart: Weiler zum Tur

    09.08.2017, 07:10

    Fir op Mondorf sinn d'Stater an der Zäit reegelméisseg duerch dës Gemeng gefuer, entweder iwwer Hesper/Alzeng, oder et war dee méi knéchelege Wee iwwer Konter, Syren an da biergop op Duelem. Weiler zum Tur ass haut eng 2.400 Séile Gemeng, an där et sech gemittlech a roueg liewe léist, et ass ee net wäit ewech vun der Stad an awer um Land, an d'Gemeng bitt och nach alles u nëtzlechen Infrastrukturen. Eis Postkaart vun haut déi mat Monique Kater ënnerschriwwen ass, moolt eng Partie intressant Zeene vun Haassel, Syren a Weiler...  

  • Gemengepostkaart: Béiwen-Atert

    08.08.2017, 17:10

    Béiwen op der Atert ass eng Gemeng am Häerz vum Grand-Duché. Béiwen weess z‘iwwerzeegen duerch seng landschaftlech Villfalt, seng Rou an duerch seng frëndlech Awunner. Den Nicolas Kandel war bis laanscht kucken.

  • Gemengepostkaart: Rouspert

    08.08.2017, 07:10

    Am Kader vun eise Gemengepostkaarte maach mir haut en Tour bei den Staudamm direkt nieft der däitscher Grenz. De Loïc Juchem war mam Mikro ënnerwee.

  • Gemengepostkaart: Colmar-Bierg

    07.08.2017, 17:10

    Wann de Fändel an der Loft flattert, ass en do. Wann net dann ass en ënnerwee. Rieds geet, natierlech vum de Grand-Duc an d’Schlass zu Colmar-Bierg. Do féiert eis haut d’Gemengepostkaart hin. An een deen d’Duerf esou gutt kennt, wéi soss wahrscheinlech kaum een, ass de Nicolas Poeker. D’Nadine Gautier huet den eelste gebiertege Colmar-Bierger getraff, a mat him net nëmmen iwwert d’Liewen niewent de Grand-Ducs geschwat, mee och vu senger Zäit bei der Goodyear.

  • Gemengepostkaart: Fiels

    07.08.2017, 07:10

    Schonns de Victor Hugo war virun 150 Joer an der Fiels ënnerwee an huet dës Uertschaft zu enger vu sengen Favoritte gezielt. Besonnesch gefall huet him déi regional a méi südlännesch Atmosphär. D’Julie Hary war bis an d’Gemeng Fiels kucken an huet sech ënner déi 2000 Awunner gemëscht.

  • Gemengepostkaart: Duelem

    04.08.2017, 17:10

    Ween Duelem denkt, deen denkt un den Adler, d'Monument vun Duelem... Fir un d'Ausgruewungen aus dem 19. Joerhonnert an der Réimescher Siidlung z'erënneren, ass deen um Plateau opgeriicht ginn. Dat ass awer net déi eenzeg Attraktioun, déi d'Gemeng Duelem, zu där och Fëlschdref a Welfreng gehéieren, ze bidden huet. D'Michèle Schons war en Tierchen dohinner maachen:

  • Gemengepostkaart: Beefort

    04.08.2017, 07:10

    Mir krute Post. Eng schéi Kaart aus dem Oste vum Land. Drop ze gesinn: am Virdergrond e Balkon aus Steen, mat enger Vue erof op e gréngen Dall mat Gewässer. Säitlech lénks zitt sech eng al Mauer erop. Eng Perspektive déi een net esou vun dësem bekannte Site kennt. Déi huet een nämlech just vu bannen, an do war d'Raphaëlle Dickes.

  • Gemengepostkaart: Garnech

    03.08.2017, 17:10

    D'Gemeng Garnech am Kanton Capellen ass zesummegesat aus den Uertschafte Garnech, Duelem, Héiweng a Koler an zielt aktuell ronn 2.090 Awunner. Den héichste Punkt vun der Gemeng an iwwerhaapt am Guttland ass de "Réibierg" mat bal 400 Meter. Hei stinn déi wichtegst Waasserreservoire vum Süden. Déi eng soen, den Numm Garnech wier vun engem Urawunner vum Duerf ofgeleet ginn, anerer behaapte Garnech kéim vum keltesche Wuert "Karrenheim" oder souguer vum kelteschen Numm vun engem Villchen, dee "Granisch" genannt gouf. D'Leit an der Gemeng hunn dem Corinne Folscheid vill flott Anekdoten erzielt.

  • Gemengepostkaart: Fluessweiler

    03.08.2017, 07:10

    5 Uertschaften gehéieren zu der Gemeng Fluessweiler: Beyren, Gouschteng, Uewerdonwen, Nidderdonwen, an natierlech Fluessweiler selwer. Et ass eng roueg Gemeng, an der ee virop d’Natur genéisse kann. Trotzdem ass nawell eppes lass, fir Jonk an Al! D’Bea Kneip war op Fluesweiler kucken.

  • Gemengepostkaart: Tandel

    02.08.2017, 17:10

    Eis verschléit et elo an de klengste Kanton vum Land, bis op Veianen selwer wollte mer awer nach net. Mir hunn e puer Kilometer virdru stall gehal. De Pit Everling schéckt eng Postkaart aus der Gemeng Tandel

  • Gemengepostkaart: Esch-Sauer

    02.08.2017, 07:10

    Et ass eng vun den eelste Buergen zu Lëtzebuerg, an esou al wéi si ass, esou vill Soe gëtt et och zu Esch-Sauer. Mir ginn also haut fir d'Gemengepostkaart an den Norden, an eng kleng touristesch Idyll déi hannert de Bierger verstoppt ass. Ma d’Fusiounsgemeng ass awer ee Stéck méi grouss wéi ee mengt. D'Nadine Gautier war dohinner luussen.

  • Gemengepostkaart: Schieren

    01.08.2017, 17:10

    Si leit direkt hannert der Nordstrooss, wann een aus der Stad kënnt. D’Gemeng Schieren. Haut an eiser Serie Gemengepostkaart, gi mir an déi kleng Gemeng kucken. Si ass gutt ugeschloss, leit direkt op der Zuchstreck fir an de Norden an an de Süden, huet hir eegen Industriezone a war emol eng Rousestad. Nadine Gautier.

  • Gemengepostkaarten: Manternach

    01.08.2017, 07:10

    D`Gemeng Manternach läit am Osten vum Land am Kanton Gréiwemaacher an zielt knapp 2100 Awunner. Den Nik Kirsch war sech e Bild vun der flotter Ëmgéigend maachen an huet Impressioune vun den Awunner matbruecht.

  • Gemengepostkaart: Veianen

    31.07.2017, 17:10

    Nëssstad, Victor Hugo Stad, Schlassstad. Veianen steet ganz uewen op der Lëscht vu villen Touristen déi an d'Land kommen. D'Michelle Reiter war mam Mikro duerch d'Gaassen ënnerwee.

  • Gemengepostkaart: Konsdref

    31.07.2017, 07:10

    D'Gemeng Konsdref besteet aus den Uertschafte Konsdref, Scheedgen, Präiteler, Marscherwald, Kolwent, Wuelper a Kalkesbaach. An der Gemeng aus dem Oste vum Land gëtt nach vill Landwirtschaft bedriwwen. Donieft ass Konsdref nach ëmmer eng beléiften Destinatioun fir vill Touristen déi op Lëtzebuerg kommen. De Mil Muller war bis op Konsdref kucken an huet ënnert anerem erausfonnt, firwat Konsdref eng gutt geographesch Lag huet.