• Gemengepostkaart: Lenneng

    28.07.2017, 17:10

    Mir si mat eiser Gemengepostkaart haut am Kanton Réimech, an der Gemeng Lenneng ënnerwee. D'Gemeng besteet aus den Uertschafte Lenneng a Kanech, an d'Michèle war fir eis dohinner kucken: 

  • Gemengepostkaart: Bäerdref

    28.07.2017, 07:10

     D‘ Gemeng Bäerdref léit am Oste vum Land an begeeschtert duerch sein Landschaftsbild all Joers d‘Touristen aus der ganzer Welt. Den Nicolas Kandel war an der Gemeng Bäerdref mat hire 5 Uertschaften ënnerwee an huet de Leit de Bols gefillt.

  • Gemengepostkaart: Stauséigemeng

    27.07.2017, 17:10

    Haut gi mer an eng ganz grouss Gemeng an den Norde vum Land . Dat villt Waasser spréngt engem natierlech direkt an d'A. Net ëmsoss heescht d'Gemeng Stauséigemeng, Loïc Juchem.

  • Gemengepostkaart: Stadbriedemes

    27.07.2017, 07:10

    Eis Gemengepostkaart kënnt haut vu Stadbriedemes, an do ginn d'Wuerzelen net nëmme bis bei d'Kelten zeréck, ma d'Duerf selwer huet och eng remarkabel réimesch Vergaangenheet. Sou huet zumbeispill eng Bréck viru laanger Zäit d'Duerf mat Palzem déisäit der Grenz verbonnen. Haut erënnert just nach e Peiler un déi Geschicht. D'Gemeng selwer besteet aus den Dierfer Stadbriedemes selwer,  Greiweldeng, an de Lieu-dit Hëttermillen. D'Michèle Schons war sech d'Gemeng ukucken: 

  • Gemengepostkaart: Useldeng

    26.07.2017, 17:10

    Knapps 2000 Awunner zielt d'Gemeng Useldeng mëttlerweil an zanter Kuerzem souguer en eegenen Touristebüro. De Ben Frin huet eis seng Gemengepostkaart fir eis Summerserie aus der Gemeng mam mëttelalterleche Schlass geschéckt...

  • Gemengepostkaart: Buerschent

    26.07.2017, 07:10

    Buerschent ass eng Gemeng aus dem Dikrecher Kanton. D'Gina Becker huet sech am Detail mat dëser säfteger, grénger Gemeng ausernee gesat a weess, wat Buerschent ze bidden huet.

  • Gemengepostkaart: Biwer

    25.07.2017, 17:10

    Am Oktober gëtt an de Gemenge gewielt an elo am Summer maache mer den Tour duerch eist Land, duerch déi 105 Gemengen. Eis Statioun haut: Biwer. Am Oste vum Land. Tëscht Tréier an der Stad Lëtzebuerg. D'Carine Lemmer war bis dohinner...

  • Gemengepostkaart: Waldbëlleg

    25.07.2017, 07:10

    Elo gi mer an de Kanton Iechternach, an d'Gemeng Waldbëlleg. Dozou gehéieren d'Uertschaften Waldbëlleg, Chrëschtnech, Haler, Mëllerdall, Freckeisen a Suewelbur. Dëst Joer gëtt an der Gemeng den 190ten Gebuertsdag vun engem ganz bekannte Lëtzebuerg gefeiert.

  • Gemengepostkaart: Wäiswampech

    24.07.2017, 17:10

    Et ass d'Entréesdier wann een vun Norden aus der Belsch an den Grand-Duché kënnt. Do uewe soen se fir den Deel vun der Belsch och nach „d'Nei-Belsch“. An eisem Tour duerch d'Gemenge gi mer haut also an eng vun den zwou nërdlechste Gemengen am Land, nämlech op Wäisswampech. Zu der Gemeng gehéiere nieft enge sëlleche Millen, der Rossmillen, der Kléimillen, an der Holler Millen och 6 Uertschaften nämlech Beeler, Leetem, Bënzelt, Breedelt, Holler an natierlech Wäiswampech selwer. D'Annick Goerens hëlt eis mat op eng Plaz wou d'Leit een wonnerbar sympatheschen Dialekt schwätzen.

  • Gemengepostkaart: Tënten

    24.07.2017, 07:10

    D‘ Gemeng Tënten ass eng Gemeng aus dem Mierscher Kanton déi vill ze bidden huet an ech kann mat Sécherheet behaapten dat en der vill vun iech schonn do aus Kand iwwernuecht hunn. Den Nicolas Kandel war bis laanscht kucken.

  • Gemengepostkaart: Préizerdaul

    21.07.2017, 17:10

    Eis nächst Postkaart kennt aus dem Westen vum Land. Wa mir Iech elo vu "Kuebe Néckel" an der Disco "New Oldie" schwätzen, da weess eigentlech scho bal jiddereen, datt mer déi Postkaart am Préizerdaul an d'Boîte gehäit hunn. Eng Gemeng mat den Dierfer Bieberech, Platen, Proz an Rëmmereg an deenen eng 1650 Leit liewen. Eng Gemeng an där d'Leit wëssen wéi ee feiert an där awer och ganz vill Wäert op d'Ëmwelt geluecht gëtt, Dany Rasqué.

  • Gemengepostkaart: Bus

    21.07.2017, 07:10

    Fir d'Gemengepostkaart vun haut fuere mir op d’Musel. Net direkt bis un d’Waasser, mä bis eng net emol 10km virdrun, nämlech op Bus. D’Gemeng aus dem Réimecher Kanton mat ronn 1500 Awunner verbënnt rural Traditioune mat moderne Familljenhaiser, a wierkt heiansdo e bësse verschlof. De Joël Detaille war sech mol dohin ëmkucken.

  • Gemengepostkaart: Géisdref

    20.07.2017, 17:10

    Elo maache mir den Tour op eng vun eisen Éisleker Koppen. Wat en Heehotel ass a wat een nach alles zu Géisdref maache kann, huet de Loïc Juchem op der Plaz selwer erausfonnt.

  • Gemengepostkaart: Bauschelt

    20.07.2017, 07:10

    Am Nordweste vum Land, tëscht dem Stauséi an der Belscher Grenz, läit d'Gemeng Bauschelt. Mat knapp 1200 Awunner verdeelt op déi 3 Dierfer Baschelt, Bauschelt a Sir, eng éischter kleng Gemeng, déi d'Raphaëlle Dickes gëschter besicht huet.

  • Gemengepostkaart: Hiefenech

    19.07.2017, 17:10

    Hiefenech- eng relativ kleng Gemeng déi zum Kanton Miersch gehéiert. Se besteet aus den Uertschaften Hiefenech a Reiland. D'Coryse Ludowicy war do bei engem Mann op Besuch, dee vu sech ka behaapten an engem Schlass ze liewen an och ganz vill iwwer d'Gemeng a hir bekanntsten Awunner ze ziele weess.