• Gemengepostkaart: Mompech

    19.07.2017, 07:10

    De Moien geet et op eisem Tour duerch d'Land en vue vun de Gemengewahlen an den Osten an d'Landgemeng Mompech. Flächeméisseg gesinn déi zweetgréisst Gemeng am Kanton Iechternach mat vill Felder a Bongerten, engem vun de gréissten zesummenhängende Bëscher vum Land an   awer nëmmen  1300 Awunner, verdeelt op 6 Uertschaften. Mompech zitt sech vun der Sauer ënnert dem Bierg mat den Uertschaften Bur  a Méischdref bis op de Bierg riwwer bis op Hierber. Déi aner Uertschaften vun der Gemeng si Givenech, Buerschdrëf, Lilien, d'Hierber- an d'Burermillen an natierlech Mompech selwer, den aktuelle Siège vun der Gemeng. Ma nom 8. Oktober wäerten déi aktuell Gemengegrenzen awer verschwannen. Claude Zeimetz

  • Gemengepostkaart: Ell

    18.07.2017, 17:10

    Mir sinn haut eemol méi am Weste vum Land ënnerwee, esou westlech dat en hei bal zu fouss an d'Nopeschland d'Belsch kéint trëppelen. Riets geet vun der Gemeng Ell. Eng Gemeng déi sech aus 5 Uertschaften zesummesetzt, dorënner:  Uewerkolpech, Nidderkolpech, Rued,  Kleng-Elchert an Ell selwer. Ronn 1280 Awunner kennen sech hei an der Gemeng glécklech schätzen. Wat genee si flott un hirer Gemeng fannen an wat et do da gëtt, huet Julie Hary fir eis eraus fonnt.

  • Gemengepostkaart: Viichten

    18.07.2017, 07:10

    Haut sinn mir emol an der Gemeng Viichten ënnerwee. Mat den 1038 Awunner déi sech op zwou Uertschaften verdeelen, Méchelbuch an Viichten selwer, kann en hei vun enger relativ klenger Gemeng schwätzen. Mee des Plaz ass net ze ënnerschätzen, souguer international kann d’Gemeng op eng gutt Renommee kucken. Firwat dat sou ass verréit eis d’Julie Hary.

  • Gemengepostkaart: Bech

    17.07.2017, 17:10

    Eisen Tour duerch d'Land am Virfeld vun de Gemengewahlen féiert eis haut den Owend an den Osten, an d'Majorzgemeng Bech mat hiren 1260 Awunner verdeelt op 23 Quadratkilometer an 10 méi oder manner kleng Uertschaften. D'Claude Zeimetz hëlt eis mat an déi idyllesch Landgemeng am Kanton Iechternach.

  • Gemengepostkaart: Wanseler

    17.07.2017, 07:10

    D‘Gemeng Wanseler ass eng Gemeng am Eisleck direkt un der belscher Grenz. D‘Gemeng impressionéiert duerch hir Rou an déi schéi Landschaft. Den Nicolas Kandel ass fir eis bis an den Norde gefuer an huet erausfonnt, wat zu Wanseler lass ass.

  • Gemengepostkaart: Noumer

    14.07.2017, 17:10

    Wann ee vun der Gemeng Noumer schwätzt, da gehéieren d'Uertschafte Kruuchten, Nidderglabech, Schrondweiler, Uewerglabech a selbstverständlech Noumer selwer dozou. D'Julie Hary gëtt Iech e klengen Abléck an de ronn 2200 ha groussen Terrain an huet do mat e puer vun den 1200 Awunner geschwat.

  • Gemengepostkaart: Fëschbech

    14.07.2017, 07:20

    Op eisem Tour duerch all d'Gemengen vum Land maache mer elo Statioun an enger Gemeng vum Kanton Miersch. De Yann Logelin hëlt eis mat op Fëschbech.

  • Gemengepostkaart: Reisduerf

    13.07.2017, 17:10

    Jiddereen kuckt eng Gemeng natierlech mat aneren Aen. Dat hänkt och dermadder zesummen op een vun Uewen oder ënnen drop kuckt. De Patrick Greis war op Reisduerf, eng kleng Sauergemeng am Kanton Dikrech, déi sech aus den Dierfer Bigelbaach, Héischdrëf, Wallendorf-Bréck a Reisduerf zesummesetzt, an huet erausfonnt dass an dëser Gemeng Musek ass.

  • Gemengepostkaart: Kiischpelt

    13.07.2017, 07:20

    De Konschtfestival, d'Loufest, den internationale Quiltfestival, d'Beach Days, d'Millefest... eng Saach ass kloer; am Kiischpelt gëtt gären a gutt gefeiert, ma dat ass nach laang net alles.. wousst dir dass een d'Lorblumm just nach am Kiischpelt fënnt? Oder dass déi eelste Waassermillen hei am Land an där Gemeng steet? D'Annick Goerens mat enger Gemengepostkaart aus dem Kiischpelt.

  • Gemengepostkaart: Pëtschent

    12.07.2017, 17:10

    Et gëtt vill ze entdecken an der Pëtschter Gemeng. Hätt Dir gewosst, dass d'SEO genee do Doheem ass? Dass de Koffer fréier vun eben do koum? D'Michelle Reiter hëlt Iech mat an déi Gemeng wou d'Leit vill Grënn hu fir frou an zefridden ze liewen.

  • Gemengepostkaart: Waldbredimus

    12.07.2017, 07:20

    Den Trëntengerdall ass déi Adresse, wann et zu Lëtzebuerg ëm Kiischtebeem, Kiischtekultur a Bongerte geet. Dës Kiischtebongerte sinn d'Zeechen an d'Monument an der Gemeng Waldbriedemes, eng Traditioun, déi wäit iwwert d'Landesgrenzen erausgeet, Michèle?

  • Gemengepostkaart: Groussbus

    11.07.2017, 17:10

    De Radio liwwert iech bis bei d'Gemengewahlen all Dag vun der Woch zwou Postkaarten, déi weisen, wéi verschidden a fuerweg d'Gemengelandschaft zu Lëtzebuerg ass. Elo verschléit et eis, genee wéi de Moien, an de Kanton Réiden. D'Gemeng Groussbus läit op hallwem Wee tëscht Réiden an Ettelbréck. Den Daniel Nepgen huet sech do och gefillt wéi tëscht zwou Welten.

  • Gemengepostkaart: Wal

    11.07.2017, 07:20

    Bis an den Oktober era stelle mir iech déi 105 Gemengen am Land vir. Am Kanton Réiden läit eng vun de klengste Gemengen: Wal. Op knappen 20 Kilometer-carré ziele 7 Dierfer dozou. Den Daniel Nepgen huet sech op zwee vun hinne konzentréiert, fir de Portrait vun der Gemeng ze maachen. An iwwerall hat hien et mat staarke Fraen ze dinn. Zum Beispill mam Isabelle Düsseldorf.

  • Gemengepostkaart: Simmer

    10.07.2017, 17:10

    Lëtzebuerg huet 105 Gemengen an hei um Radio kritt dir se bis Oktober alleguer der Rei no virgestallt. De Moie gouf et déi éischt vun dësen "Gemengepostkaarten", an déi koum vun der klengster Gemeng: Sëll. Déi zweetklengst Gemeng am Land ass Simmer. Si läit am Äischdall an dozou zielen och Gräisch, Rued, Simmerfarm, Simmerschmelz a Léisbech. D’Sandra Mélan war sech selwer e Bild maachen.

  • Gemengepostkaart: Sëll

    10.07.2017, 07:20

    Am Virfeld vun de Gemengewahle gëtt ee sech bewosst, dass d'Land net manner wéi 105 där Gemengen huet. Mir stellen iech se vun haut un alleguer vir. Bis an den Oktober era gëtt et hei um Radio all Dag zwou där "Postkaarten". A mir fueren der Gréisst no. Haut fänke mir mat der klengster Gemeng un: Sëll. Si huet 771 Awunner. D’Sandra Mélan zeechent de Portrait.