Background am Gespréich vum 4. FebruarMartine Hansen: Den Norde kënnt definitiv ze kuerz

Invité am Background am Gespréich e Samschdeg de Mëtteg war d'Deputéiert Martine Hansen.

Radio - Background mam Martine Hansen (04.02.2017)
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

Zënter geschwë 4 Joer mécht d'Martine Hansen elo Politik. An der Emissioun Background am Gespréich wollte mer méi gewuer gi vun der fréierer Ministesch iwwert hir Oppositiounsaarbecht an der Chamber, iwwert d'Educatioun an iwwert d'Landwirtschaft. Wat fir eng Note kritt Blo-Rout-Gréng no 3 Joer um Pouvoir, wou steet d'CSV a wat kéint fir de Wahlbezierk Norden gemaach ginn.

Background am Gespréich mam Martine Hansen



Den Norde kënnt definitiv ze kuerz. Dat sot d'CSV-Deputéiert Martine Hansen e Samschdeg de Mëtteg an eiser Emissioun Background am Gespréich. D'Regierung hätt qualitative Wuesstem virgestallt an do stéing net vill dran iwwert de ländleche Raum, just vun „Espaces calmes“ wier Rieds. Hannert dem Bierg géingen och nach Leit wunnen, esou d'CSV Norddeputéiert. Ganz wichteg wier et zum Beispill, datt un den Infrastrukturen am Norde sollt geschafft ginn.

An der Emissioun goung et awer och ëm d'Landwirtschaft. D'Invitée Martine Hansen bedauert, datt villes aus dem Agrargesetz nach ëmmer net ëmgesat wier, well déi groussherzoglech Reglementer nach net do wieren. D'Gesetz hätt natierlech misste vill éischter beim Staatsrot ofgeliwwert ginn, esou d'CSV-Deputéiert.
Fir d'Bauere wier et do zum Beispill immens wichteg fir ze wëssen, wéi d'Investitiounsbäihëllefe wäerten ausgesinn. D'Martine Hansen gëtt ze bedenken, datt de Baueren hir wirtschaftlech Situatioun nach ëmmer alles anescht ewéi gutt ass

Am Beräich Educatioun wier d'Iddi vu 15 Regionaldirekteren vu Grondschoulen de falsche Wee, esou déi fréier Héichschoulministesch. Et wier wichteg, datt an all Schoul en Direkter op der Plaz wier, deen Decisiounen hëlt an deen Uspriechpartner fir Schüler an Elteren ass. Da bedauert déi fréier Directrice vun der Akerbauschoul och, datt grouss Projeten am Norden, ewéi dee vun der neier Akerbauschoul zu Gilsdref, heiansdo net viru komm wieren.

An d'Gemengewahlen geet d'Presidentin vun der CSV-Norden iwwerdeems net mat, aus familiäre Grënn seet si. Doriwwer eraus géing mam Marco Schank en anere fréiere Minister an der Majorzgemeng Esch-Sauer nees mat an d'Kommunalwahlen goen, esou datt d'CSV an hirer Heemechtsgemeng gutt opgestallt wier, esou nach d'Martine Hansen.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.