Carte Blanche vum Laura ZuccoliD'Mobilisatioun vun den Net-Lëtzebuerger

Dëse Weekend ass an den Ausstellungshalen um Kierchbierg de 34. Festival des Migrations. Eng Geleeënheet, eis multikulturell Gesellschaft konkret ze entdecken. D'Thema vun de Gemengewahlen am Oktober dëst Joer ass natierlech och um RDV.

D’Mobilisatioun vun den Net-Lëtzebuerger, fir dass si sech op de Gemenge-Wahllëschten aschreiwen, gëtt do un de Stänn vu verschidde Veräiner, an Ausstellungen ewéi och an Diskussiounsronnen thematiséiert.

Carte Blanche vum Laura Zuccholi.



Fir eng Gemeng ass et wichteg, datt sech vill vu sengen Awunner politesch a sozial am lokale Liewen abréngen. Leider bleift d’Zuel vun den Net-Lëtzebuerger, déi fir d’Gemengewahlen ageschriwwen sinn, niddreg. 17% vun den Net-Lëtzebuerger ware bei de leschte Gemengewahlen ageschriwwen, dat stellt hei nëmmen 12% vum Elektorat duer. 2011 waren op 3.319 Kandidaten 236 Net-Lëtzebuerger. Et goufen deemools 1.121 Gemengeréit gewielt, dorënner nëmme 17 Net-Lëtzebuerger

Nun ass et emol esou, datt d'Zuel vun de Gemengeréit op Basis vun der Zuel vun allen Awunner – Lëtzebuerger ewéi och Net-Lëtzebuerger – aus der Gemeng berechent gëtt.

Stellt iech elo emol vir, wat wier, wann d’Zuel vun den Gemengevertrieder ofhängeg vun der Zuel vun den ageschriwwene Wieler wier?

An deem Fall hätte mer dann z.B. an der Stad Lëtzebuerg nëmmen 11 anstatt 27 Conseilleren. 16 missten also ewechfalen. Esch hätt der dann nëmmen 10 anstatt 19 ze gutt a Wolz 6 anstatt 11.

Do missten eis Gemengeréit jo em hiert Mandat kämpfen. Wéi een Engagement, wat fir eng Mobilisatioun hätt dat als Konsequenz. Eis politesch Vertrieder misste sech do staark maachen, fir dat genuch auslännesch Wieler sech op de Wahllëschten aschreiwen. Do misst eng staark Mobilisatioun vun eiser Politik entstoen an de perséinleche Kontakt, den Interessi vun den net-ageschriwwene Bierger aktiv gekuckt an ugepaakt ginn.

Géifen dann eis Gemengepolitiker d’Tatsaach esou einfach hinhuelen, datt di integréiert Mammesprooch Couren an eiser Primärschoul elo iwwerall am Land ofgeschaaft gin . Géif de Frust, deen dës Moossnam elo bei de betraffenen Elteren ausléist, si genau esou wéineg ewéi elo beréieren!? Géifen do eis Parteie sech weider mat allgemengen Opriff zefridde ginn? Géif do net e politesche Mouvement opkomme mussen, well et jo do ëm vill vill Setz vu politesche Vertrieder an eise Gemenge geet?!

Dëst ass natierlech alles Wonschdenken, well den Ament ass jo d'Participatioun vun den Net-Lëtzebuerger kaum en Thema.
46,7% Net-Lëtzebuerger liewe bei eis. Vun de ronn 400.000 Salariéen zu Lëtzebuerg sinn 71% Net-Lëtzebuerger - 45% Frontalieren a 26% auslännesch Residenten. Bei esou Ziffere wonnert ee sech, datt an dem rezente Rapport Rifkin - dee Pistë fir di 3. industriell Revolutioun zu Lëtzebuerg an den nächste Jore virschléit – d’Thema vum Zesummeliewen nëmme kuerz a ganz generell gesträift gouf.

Kaum Virschléi zur politescher Participatioun, obwuel dës 3. Revolutioun sech, ewéi am Rapport ënnerstrach gouf, op Zesummegehéieregkeet Gefill sech stëtze muss. Elo goufen als Fortsetzung eng ganz Rëtsch Partner gefrot, op dëse Bericht hin, weider heirop ze schaffen, a Virschléi zur Ëmsetzung ze maachen.

Kee Vertrieder vun den Auslänner-Organisatioune gouf gefrot.

Ah jo, ech hat vergiess, datt beim Thema Participatioun, d’Meenung vun den Net-Lëtzebuerger Awunner net gefrot ass!

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.