Festival des migrationsNet-Lëtzebuerger fir d'Gemengewahlen animéieren

D'Wahljoer ass dann och en Thema um Festival des migrations, deen dëst Joer fir déi 34. Kéier organiséiert gëtt.

Festival des Migrations (04.03.2017)
Ronn 400 Stänn sinn op der 34. Editioun präsent.

An den Hale vun der LuxExpo sinn de Weekend nees eng Hellewull u Kulturen openeen getraff: Et war schonn déi 34. Editioun vum Festival des Migrations, des Cultures et de la Citoyenneté. Ënnert der Organisatioun vum CLAE, dem Comité vun den auslänneschen Associatiounen, hu sech lokal Migranten- an Hëllefsorganisatioune virgestallt, Veräiner, Gewerkschaften an och Parteien op iwwer 400 Stänn. 2017 ass jo e Wahljoer an duerfir war et d'Haaptuleies vun den Organisateuren dëst Joer, fir och déi auslännesch Matbierger am Grand-Duché fir eng Participatioun um Vote ze begeeschteren.

Festival des Migrations 2017 / Reportage Pierre Jans

''Ech ka wielen'', ''je peux voter'' oder och ''i can vote'', sou de Slogan vun der Initiativ, déi jiddereen, dee volljäreg ass, an och mindestens scho 5 Joer zu Lëtzebuerg wunnt, opfuerdert, fir den 8. Oktober mat wielen ze goen, oder sech souguer als Kandidat fir d'Gemengewahlen unzemellen. Dat betrefft natierlech d'Lëtzebuerger, ma och all Net-Lëtzebuerger soll a ka mathëllefen, d'Liewen a senger Gemeng ze gestalten, sou de President vum CLAE, de Franco Barilozzi.

D'Gemeng ass eppes Wichteges an dowéinst ass et och wichteg, datt ee sech do politesch engagéiert. Et kann een d'Leit net forcéieren, fir sech anzeschreiwen, ma och muss een dogéint virgoen, datt d'Leit sech géint alles, wat Politik ass, wieren. Et gesäit ee gutt an eisen Nopeschlänner, datt d'Leit ëmmer manner wiele ginn a Lëtzebuerg wäert wuel vun deem Phenomen och net ausbleiwen. Dowéinst mussen och d'Parteien um Terrain méi aktiv ginn a mat de Leit diskutéieren, fuerdert de President vum CLAE.

Nieft dësem wichtege Message un all d'Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen, sinn et awer wéi all Joers déi vill Stänn, déi am Mëttelpunkt vum Festival stinn. An och wann et op all Stand kulinaresch, musikalesch an och spilleresch Iwwerraschunge fir d'Visiteure gëtt, sou sinn d'Exposanten awer net nëmme fir de Spaass do. De Festival ass natierlech eng grouss Plattform wou d'ONGen an d'Associatiounen hir Aarbecht a Saachen Integratioun a Solidaritéit virstelle kennen.

Och d'Integratioun vu Flüchtlingen an eis Gesellschaft war dëst Joer e wichtege Sujet.

Flüchtlingen an eis Gesellschaft integréieren. (05.03.2017)
En Thema Haut, um 'Festival des migrations'. Un Initiativen géif et net feelen. Och wann et net ëmmer einfach wier. An net jiddereen dat positive bewäert.




Wéi d'Flüchtlingen an eiser Gesellschaft integréieren?

Flüchtlingen an eiser Gesellschaft/Rep. Nadine Gautier


Den Engagement vun de Bierger ass de Schlëssel fir déi sozial Inclusioun vun de Flüchtlingen an der Gesellschaft. Esou kéint een am Resumé eng Table Ronde iwwerschreiwen, déi e Sonndeg am Kader vum Festival des Migrations an der Luxexpo war. Hei koume 5 Leit zur Wuert, déi Initiativen an d'Liewe geruff hunn, fir datt d'Flüchtlinge sech kënnen integréieren.

Table Ronde Festival des migrations - Rep. Nadine Gautier



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.