Gemeng KäerjengBuergermeeschter Wolter Spëtzekandidat bei der CSV

Op der Lëscht vun der CSV steet och d'Danielle Schmitt, déi fir d'LSAP an déi lescht Wahle gaangen ass an als onofhängeg Vertriederin am Gemengerot war.

Op der Foto vu lénks no riets: Kimmes-Collignon Danièle - Thomes Jim - Frisch-Erpelding Christiane - Bruch Jean-Marie - Philippe Louis - Hames Josy - Muller-Pesché Patricia - Kirwel Christian - Wolter Michel - Scholler Guy - Schmit Danielle - Geiben Alain - Pirrotte Frank - Sturm Richard - Santer-Gillen Annick© CSV Gemeng Käerjeng

Op Gemengenniveau preziséiere sech d'Lëschte fir d'Gemengewahlen.

An der Fusiounsgemeng Käerjeng gouf et de Feu-Vert fir déi 15 CSV-Kandidaten, mat deenen de Buergermeeschter Michel Wolter an d'Course geet.

Nieft dem Michel Wolter ginn op där Lëscht och de Schäffen Richard Sturm an d'CSV-Conseillere Josy Hames, Frank Pirrotte a Guy Scholler mat.

Interessant ze notéieren, datt d'fréier LSAP-Conseillière Danielle Schmit, déi den Ament als onofhängeg Vertriederin am Käerjenger Conseil sëtzt, elo fir d'Faarwe vun der CSV mat an d'Wahlen am Oktober geet.

Extrait Danielle Schmit



Danielle Schmit: Ech hunn et ëmmer schuet fonnt, dat wann een an der Oppositioun ass, datt een dann ëmmer just géint verschidde Projeten ass, ouni eng Verbesserung ze bréngen. Ech mengen, ech hunn näischt dogéint ze soen "ech sinn net dofir", mä dann erklären ech awer och firwat an ech bréngen och eng Verbesserung. An dat ass der LSAP ni gelongen an deen Negativismus huet mech einfach gestéiert.

Zu Käerjeng huet d'Dräier-Koalitioun tëscht CSV-Déi Gréng an der BIGK d'Majoritéit vun 9 Sëtz, d'LSAP war 2011 an de Wahlen  als stäerkste Kraaft ervirgaangen.

PDF: D'Detailer zu de Kandidate vun der CSV

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.