"Di gréng Iddie sinn d'Zukunft"Déi Gréng maachen den Optakt mat de Parteikongresser

D'Regierungspartei ass um Samschdeg zënter 9 Auer am Tramschapp um Lampertsbierg fir en ordinäre Kongress zesummen.

Gréng Gedanke fir d'Zukunft vu Lëtzebuerg (11.03.2017)
Déi Gréng wëlle "weider denken", fir Lëtzebuerg a seng Zukunft. Um Kongress ass dat presentéiert ginn, wat bis elo an a nëmmen 3 Joer, erreecht ginn ass.

Gréng Politik wier elo sichtbar a konkret. Virun allem de François Bausch hätt a kuerzer Zäit villes ëmmgesat.

Di gréng Iddie sinn d'Zukunft: doranner ware sech d'Intervenanten um Samschdeg de Moien um Parteikongress vun Déi Gréng am Lampertsbierger Tramsschapp alleguerten eens. Ronn sechs Méint virun de Gemengewahlen hunn d'Parteiresponsabel nach emol un d'Progrèsen erënnert, déi een an 3 Joer Regierungsbedeelegung erreeche konnt.



Dës Majoritéit hätt sech den Erausfuerderunge vun der Zukunft gestallt, esou déi gréng Fraktiounscheffin an der Chamber d'Viviane Loschetter. Leider géing een an Zäite liewen, an deenen nees vill mat Angscht geschafft gëtt. D'Angscht wier den Doute vun der Kreativitéit. Et bräicht een awer kreativ Weeër, fir den "Muer" unzegoen.

Extrait Viviane Loschetter



Et géing sech deemno lounen, sech virun an dëser Partei z'engagéieren. Dat sot di gréng Parteicheffin Françoise Folmer.

Extrait Françoise Folmer



Et géife sech an den nächste Wochen a Méint genuch Geleeënheete bidden, déi Themen zesumme mat de Leit nach ze verdéiwen.

Dernieft gouf um Kongress eng Resolutioun mam Titel "Lëtzebuerg weider denken" ugeholl, mat där sech d'Partei op d'Erausfuerderunge vu muer astëmme wëll. Unanime war dann och de Vote fir eng zweet Resolutioun fir ee faire Welthandel am Interêt vun de Mënschen. But wier et, fir sech fir eng ökologesch nohalteg a sozial gerecht Globaliséierung anzesetzen.

Fir den Europadeputéierten Claude Turmes stéing d'Essenz vum demokratesche Fortschrëtt um Spill. Weltwäit wieren d'demokratesch Wäerter a Gefor, duerch esou Leit wéi Erdogan, Trump, Orban oder Putin. Vill Leit wieren onsécher, dofir hätten di Rietspopulisten och deen Zoulaf, dee se hunn. Dofir wier et wichteg, datt di Ongerechtegkeete vun der Globaliséierung zesumme mat de Leit diskutéiert ginn an déi Gréng opstinn a kloer maachen, datt et esou net virugeet.

Fir d'Deputéiert Josée Lorsché géing sech d'Chancëgläichheet net vum selwen duerchsetzen. Et misst een dofir kämpfen an nei Weeër goen. Vläicht um Beispill vun Norwegen, ee Virreider a Saache Gläichbehandlung, esou déi gréng Deputéiert. Et wier och bedauerlech, datt d'Chamber virun 3 Méint hätt missen ee Gesetz stëmmen, dat de Fraen ee selwechte Loun, fir di selwecht Aarbecht garantéiert. Et wier traureg, esou d'Josée Lorsché, datt dat nach ëmmer keng Selbstverständlechkeet wier.

Kongress vun Déi Gréng / Reportage Eric Hamus



Am Nomëtten gouf um Kongress am Tramschapp d'Parteispëtzt nach emol confirméiert. Bei den interne Wale goufen den zwee Parteipresidente Françoise Folmer a Christian Kmiotek nach emol d'Vertrauen ausgeschwat. Si waren alle Béid nach emol ouni Géigekandidatur fir dee Posten ugetrueden.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.