Gemengewahlen zu SchëfflengLSAP-Buergermeeschter Roland Schreiner geet net méi mat

Vill Lëschten op Gemengenniveau konkretiséiere sech: an enger vun de groussen Minettsgemengen geet de Buergermeeschter net méi am Oktober mat.

Wéi et um Bord vun der Gemengerotssëtzung zu Schëffleng geheescht huet, presentéiert sech den aktuellen LSAP-Buergermeeschter Roland Schreiner am Oktober net méi de Wieler.

De sozialisteschen Politiker, deen och Gewerkschaftler beim Landesverband war, stoung zanter 2003 un der Spëtzt vun der Schëfflenger Gemeng a war esouwuel tëscht 2004 an 2009 an der Chamber, grad wéi och nach eemol eng kuerz Zäit no 2012, wéi hien fir d'Vera Spautz um Krautmaart nogeréckelt war.

Cocasse ass elo d'Situatioun zu Schëffleng, wëll et zu engem "Brudderduell" op zwou verschiddene Lëschten an de Wahlen kënnt: bei der LSAP dierft de Schäffen Carlo Feiereisen Tête de Liste ginn; bei der CSV ass et de Brudder an CSV-Sektiounspresident Pierrot Feiereisen, deen als Spëtzekandidat am Oktober op der Lëscht ass.

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.