GemengewahlenVera Spautz sozialistesch Spëtzekandidatin zu Esch

Déi 9 Sëtz am Escher Gemengerot wëll d'LSAP bei de Wahlen am Oktober verdeedegen.

E Mëttwoch den Owend gouf d'Lëscht mat den 19 Kandidaten an der LSAP-Generalversammlung eestëmmeg ugeholl: Ugefouert gëtt d'Lëscht vun der Buergermeeschtesch Vera Spautz.

Mat dobäi och d'Schäffen Dan Codello, Henri Hinterscheid a Jean Tonnar, grad wéi d'Conseilleren Taina Bofferding, Astrid Freis, Mike Hansen a René Penning.

De laangjärege sozialistesche Conseiller Paul Weidig geet net méi mat an d'Wahlen.

Op der LSAP-Lëscht si 7 Fraen, mat ë.a. Joëlle Pizzaferri, Alexandra Wernert an Nelly Fratoni.

Zesumme mat deene Grénge sinn d'Escher Sozialisten an der Koalitioun um Pouvoir.

Bei de leschte Gemengewahle war d'Escher LSAP op knapp 39% vun de Stëmmen koum, 2005 waren et 40%.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.