CSV-Kongress zu EttelbréckMéi CSV-Politiker no Gemengewahlen op wichtege Posten

D'CSV wëll e Samschden de Bilan zéie vun de leschten 12 Méint. An et soll den Ausbléck gemaach ginn, fir d'Erausfuerderungen, déi kommen.

"Kloer, No a Gerecht" a Richtung Wahlen (25.03.2017)
Den CSV Nationalkongress zu Ettelbréck huet sech op d'Jugend, d'Portugiesesch Matbierger an déi nächst Wahle konzentréiert.

Och d'Regierungsaarbecht gouf ferm kritiséiert.

CSV-Kongress / Reportage Carinne Lemmer



Laurent Zeimet: Kloer, no & gerecht ass den neie Motto vun der CSV

D'CSV géif fir eng kloer Politik stoen, kloer Aussoen. Si wären als Vollekspartei no bei de Leit, géifen an der Mëtt stoen a jidderee géif zielen, egal vu wou en hir kënnt a wat e mécht. Gerecht wier d'Politik vun der CSV, sou de Generalsekretär Laurent Zeimet. Si wären net nëmme fir ee Grupp Leit do, mä fir se alleguer.

Laurent Zeimet: Kloer, no & gerecht


Den 8. Oktober sinn d'Gemengewahlen an als Vollekspartei huet d'CSV den Usproch an alle 46 Proporzgemengen unzetrieden mat 600 Kandidaten.

Datt d'Gemengewahlen am Oktober sech annoncéieren, mierkt een och um auslänneschen Éieregaascht um Kongress: de fréiere portugisesche Premier Pedro Passos Coelho gëtt erwaart. De fréiere Premier vun der gréisster auslännescher Communautéit, déi mer hei zu Lëtzebuerg hunn, sot de Parteipresident Marc Spautz. De Passos Coelho soll méi spéit am Laf vum Samschden um CSV-Kongress schwätzen, en Nationalkongress, fir deen eng 500 CSV-Memberen op Ettelbréck komm sinn.

D'nächst Joer bei de Chamberwahle strieft d'CSV de Wiessel un – mam Claude Wiseler.

Marc Spautz: Alles maache fir 2018 zréck an d'Regierung ze kommen

D'CSV wëll eng aner Familljepolitik maachen, wou d'Famillen nees e Choix hunn. D'Kannergeld-Reform wär net néideg gewiescht, déi géif d'CSV nees réckgängeg maachen, sou de Marc Spautz. Famille mat méi Kanner a méi Ausgabe bräichten och méi Suen.

D'CSV wëll am Mee och als Partei op engem Forum iwwer d'Aarbechtszäiten diskutéieren, wéi déi an Zukunft kënnen oder sollen ausgesinn.

D'CSV wëll also alles maachen, fir 2018 mam Claude Wiseler den neie Premier ze stellen, fir eng blo-rout-gréng Majoritéit ze verhënneren. An de Marc Spautz huet och gewarnt, datt déi aktuell Majoritéit sech 2018 villäicht wëll vun déi Lénk toleréiere loossen, well se alles wéilte maache fir ze verhënneren, datt CSV nees un d'Muecht kënnt.

Fir d'Gemengewahlen huet een als Vollekspartei den Usproch, fir an alle 46 Proporzgemenge mat 600 Kandidaten unzetrieden, sou de Parteipresident Marc Spautz.  Et wëll een eng kloer, sozialgerecht Politik, déi no bei de Leit ass. Et wëll een 2017 méi Leit an de Schäfferéit a méi Conseilleren.

© Carine Lemmer / RTL Radio Lëtzebuerg

Claude Wiseler: gemeinsam Wäerter, d'Geschicht an d'Kultur vun Europa

De Claude Wiseler, Spëtzekandidat fir d'Chamberwahlen d'nächst Joer a Fraktiounschef, ass a senger Ried op déi gemeinsam Wäerter, d'Geschicht an d'Kultur vun Europa agaangen. Et wär derwäert fir dëst schéint Land Politik ze maachen.

De Claude Wiseler hat an huet en aneren Toun, wéi zum Beispill säi Parteipresident. Hien huet seng Partei opgeruff, sech op d'Politik ze konzentréieren an déi och de Leit z'erklären. Et soll een oppassen op dat, wat ee seet, näischt verspriechen, wat een net kann halen.

Fir Spëtzekandidat fir d'Chamberwahlen steet d'Politik am Virdergrond, och op Facebook. Do muss een ophale mat de Klengkricher fir all Komma, dee gesat gëtt. Et muss een ophalen an deem Mikrokosmos ze diskutéieren, dee just d'Politiker interesséiert, mä d'Leit dobaussen net. Dat wier net gutt fir d'Politiker.

D'CSV hätt keng gratis Kannerbetreiung gemaach an och net de Congé parental finanziell an deem Mooss gehéicht, en awer méi flexibel gemaach. Dat wier eenzel gekuckt vläicht schéin, mä et kéint een sech déi Politik net leeschten. D'Problemer am Land missten ugeschwat ginn, zum Beispill datt déi aktuell Pensiounspolitik eng Kéier an d'Mauer geet. Et dierft een net de Kapp an de Sand stiechen, well soss wär d'CSV net derwäert fir gewielt ze ginn.

De Claude Wiseler sot och, datt hien a wichtegen Dossieren e Staatsminister vermësst, deen d'Saach an d'Hand hëlt. Zum Beispill am Dossier Kierchefabricken. Wou wär de Xavier Bettel, wann een e brauch? D'CSV géif fir eng aner Politik stoen.

Extrait Claude Wiseler 1

Et ass awer net bei där Kritik Richtung Regierung bliwwen. Zum Beispill d'Diskussioun ëm d'Kierchefabricken. Déi wier onméiglech, huet de Fraktiounschef a Spëtzekandidat fir 2018 gemengt.

Am Fong hätten d'Regierung an de Minister Kersch jo kritt wat se wollten, mä si g éifesech net ginn.

Extrait Claude Wiseler 2



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.