Kongress vun de SozialistenLuef fir Regierungsaarbecht, a Gemenge-Sëtz verdeedegen

D'LSAP huet sech e Sonnden de Moien als den Original vun der Solidaritéit, der Gerechtegkeet an dem Fortschrëtt presentéiert.

LSAP-Kongress: Warnung viru Riets (26.03.2017)
Um LSAP -Kongress haut, gouf virun enger ze vill rietser Politik gewarnt. Dernierft wellen d'Sozialisten d'Moderniséierung vu Lëtzebuerg weider féieren.

Eng Partei déi gewinnt wier, Verantwortung z'iwwerhuelen an der Regierung an an de Gemengen. No der CSV e Samschde sëtzen d'Sozialisten e Sonnden am Centre culturel zu Mutfert fir en ordinären an en extraordinäre Kongress zesummen.

A senger Interventioun huet de Parteipresident Claude Haagen notamment géint d'CSV an den adr gepickt. Déi hätte wuel eng wëlles zesummen, sou den Député-maire vun Dikrech.

196 Deeg virun de Gemengewahlen, huet d'LSAP natierlech déi nächst Wahlterminer fest am Bléck.
Am Oktober wëll d'LSAP, wéi de Generalsekretär Yves Cruchten et formuléiert huet, onëmstridden Nummer 1 an de Gemenge bleiwen an déi 174 Mandater an de Proporzgemenge verdeedegen. Den Ament gëtt nach um Wahlprogramm fir d'Gemengewahle geschafft. Schwéierpunkte solle Famill, Wunnen a Liewensqualitéit sinn.

LSAP-Kongress: Alex Bodry iwwer d'Oppositioun


De Fraktiounschef Alex Bodry huet virun enger Rietskoalitioun bei den nächste Chamberwahle gewarnt. "Wann CSV an adr dat anert Joer eng Majoritéit kréien, da maache se eng Koalitioun. An d'Adr huet den Thein missen afferen, fir datt et méiglech gëtt", sou de Fraktiounspresident. Dobäi misst sech jiddereen d'Fro stellen, ob d'Land sou eng Rietskoalitioun wëll oder brauch. Et wier nämlech a villen Dossieren net kloer, firwat d'CSV steet. Alternativen hätt d'Partei op alle Fall net vill Opweises. Déi lescht 3,5 Joer wiere keng Oppositioun, mä en Trauerspill gewiescht, sou den Etienne Schneider.


De Bilan vun der aktueller Regierung op alle Fall awer kéint sech weise loossen, do ware sech all d'Riedner bis eens. D'Steierreform wier déi sozial gerechtste vun de leschten 30 Joer. Lëtzebuerg wier um Enn vun der Legislatur e wierklech laizistescht Land, trotz Zukunftspak wier de Leit hir Kafkraaft gestäerkt ginn an den Inneminister hätt och déi schwéier Reform vun de Gemengefinanzen ugepaakt.

Iwwerdeems bleift de Vizepremier derbäi, datt net nëmmen d'Patronen, mä och d'Salariéë vun der Digitaliséierung profitéiere missten: Stéchwuert Aarbechtszäit. An och wann déi aner Parteien net wéilten driwwer schwätzen, d'LSAP géif d'Diskussioun op alle Fall weider féieren, sou de Wirtschaftsminister Etienne Schneider.

Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit huet annoncéiert, fir de Laangzäitchômage mat engem Pakt mat de Südgemengen ugoen ze wëllen mam Zil, den Taux am ProSud op Null ze drécken. An d'CSV luet de fréiere Portugisesche Premier an, wuel fir sech z'inspiréiere, wéi een Austeritéitspolitik mécht. Dat ass nämlech dat, wat deen Här a Portugal gemaach huet, an dat an der schlëmmster Form a ganz Europa.

LSAP-Kongress: Etienne Schneider an d'Digitaliséierung


D'LSAP huet sech e Sonnden um Kongress och nei Parteistatute ginn, déi notamment d'Participatioun an der Partei stäerke soll. De proposéierten Amendement vun der JSL awer zum Beispill, all de Memberen d'Méiglechkeet ze ginn d'Parteispëtzt iwwert den elektroneschen oder de schrëftleche Wee ofstëmmen ze loossen, gouf majoritär vum Kongress verworf. D'Fro soll awer an Zukunft seriö an der Partei diskutéiert ginn.
Statutereform ass mat enger ganz breeder Majoritéit, 7 Géigestëmmen an zwou Enthalungen ugeholl ginn.

Rikfin oblige, huet d'LSAP dann nach um Enn vum Kongress unanim eng dagespolitesch Resolutioun a Saachen Digitaliséierung ugeholl. Et wëll een, als Partei vun der Aarbecht an de schaffende Leit, d'Chancen notzen an d'Gefore vun der nächster industrieller Revolutioun an der Aarbechtswelt, souwäit et da geet, limitéieren. An deem Sënn soll en Aarbechtsgrupp geschafe ginn. Et wier Zitat „der LSAP hir verdammte Flicht“, sou d'Taina Bofferding déi d'Resolutioun, mat engem kämpfereschen Toun virgestallt huet, derfir ze suergen, datt och déi Beschäftegt vun de Changementer profitéieren an déi sozial Ofsécherung, trotz Digitaliséierung, net a Fro gestallt gëtt.

LSAP-Kongress / Reportage Claude Zeimetz

Och déi Lénk hunn e Sonnde Kongress. Déi kleng Oppositiounspartei huet hir Memberen op Uewerkuer invitéiert.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.