VIDEO : 2017D'Wahlcampagne fänkt den 11. September un

D'Wahlcampagne fir d'Gemengewahle vum 8. Oktober gëtt op 4 Woche limitéiert. Dat hunn déi politesch Parteien am Wahlkampfofkommes festgehalen.

Wahlcampagne fir Gemengewahlen 2017 (14.04.2017)
D'Wahlcampagne fänkt den 11. September un.

Déi politesch Parteien hunn e Freideg de Moien d'Wahlkampfofkommes ënnerschriwwen. An deem Ofkommes sinn och budgetär Limite fixéiert. Am Beräich vun den nationale Print-Medien, bei der bezuelter Publicitéit am Internet, dat heescht Annoncen op nationale Medieportaler, bei der Publicitéit um Radio, op der Tëlee oder am Kino, limitéieren d'Parteien sech op e maximale Montant vu 75.000 Euro. Donieft sinn d'Parteien sech och driwwer eenz nach héchstens 100 där grousser Wahlplakater (dat heescht iwwer 150x200 Zentimeter) opzeriichten.

Wahlkampfaccord / Reportage Dany Rasqué



Dëst Ofkommes gouf vun alle Parteien, ausser vun der KPL an déi Lénk ënnerschriwwen. Déi Lénk haten en Donneschdeg an engem Communiqué matgedeelt, datt si d'Ofkommes a senger aktueller Form net matdroen, et géif nämlech de Wieler täuschen. D'Dokument soll den Androck maachen, datt d'Onzefriddenheet vun de Leit vis-à-vis vun der politescher Materialschluecht eescht geholl gëtt, esou déi Lénk. De Generalsekretär vun der LSAP, den Yves Cruchten, ass enttäuscht iwwert dee Schratt. Déi Lénk hätten nämlech mat diskutéiert an och gehollef den Text besser ze maachen, fir dann een Dag virun der Ënnerschrëft sech zeréck ze zéien, fënnt den Yves Cruchten e bësse speziell.   

Déi aner Parteien hunn e Freideg de Moien nach en zweet Ofkommes ënnerschriwwen, en Text an deem se festhalen, datt se géint Social Bots, Fake News an Hate Speech sinn. Fir de Marc Ruppert, Generalsekretär vun der DP, ass et normal, dass an enger Wahlcampagne mat den Ielebéi gekämpft gëtt, mä hie fënnt et awer gutt, dass een sech drop gëeenegt huet, mat faire Mëttelen ze kämpfen. Et géing een domadder eng Virbildfonktioun iwwerhuelen an et wär een senger Verantwortung no baussen an no banne bewosst, sou nach de Marc Ruppert. 

Extrait Marc Ruppert



Den CSV Generalsekretär Laurent Zeimet ass och der Meenung, dass dat de richtege Wee ass och wann et am Alldag net ëmmer einfach wäert ginn, mä wann de gudde Wëllen do wär, da kéint och e faire Wahlkampf garantéiert ginn.  

D'ADR huet dëst Ofkommes iwwregens net ënnerschriwwen. Fir de Generalsekretär Alex Penning sinn d'Begrëffer Fake News oder Hate Speech schwéier ze definéieren an et wär schwéier ze soen, wéini een dovunner kéint schwätzen. Dobäi kënnt, dass wann et dann de Fall ass, wee jugéiert dann doriwwer a wat sinn d'Sanktiounen, freet sech den Alex Penning. 

Dësen zweeten Text, deen um Freideg ënnerschriwwe gouf, gëllt net just fir d'Gemengewahlen, mä generell fir déi politesch Aarbecht.

Am Sënn vun der Transparenz hunn d'Parteien sech verflicht, hire Wahlkampfbilan bis den 31. Mäerz dat anert Joer ze zéien.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.