VIDEO: Landeskongress zu KlierfPiratepartei presentéiert hir Campagne fir d‘Gemengewahlen

D’Piratepartei geet mam Slogan "Modern, Fair an Transparent" an d’Gemengewahlen, dat huet d’Parteispëtzt um Landeskongress zu Klierf annoncéiert

Piratepartei presentéiert hir Campagne fir d‘Gemengewahlen (22.04.2017)
D’Piratepartei geet mam Slogan "Modern, Fair an Transparent" an d’Gemengewahlen, dat huet d’Parteispëtzt um Landeskongress zu Klierf annoncéiert.
Et wéilt ee beweisen, datt ee sech net just fir national Themen, ma och fir lokal Sujeten engagéiert. Et ass nämlech fir d’éischte Kéier, datt d’Pirate mat an d’Gemengewahle ginn, 2011 ware si nach net mat dobäi.

Bis elo huet een a 6 Proporz-Gemengen eege Lëschten opgestallt, an dat an der Stad, zu Esch, Ettelbréck, Klierf, Kielen a Péiteng. Weider Gemenge sollen awer nach bäikommen.



Eng Reportage vum Ryck Thill

Hei dat offiziellt Schreiwes:

Landeskongress vun der Piratepartei: Prett fir eng modern.fair.transparent. Gemengepolitik

 

D'Piratepartei hat dëse Samschden, 22. Abrëll 2017 hiren éischte Landeskongress fir 2017 zu Klierf am Schlass. Bei dësem Landeskongress goung et ëm d'Alaude vum Gemengewalkampf 2017 wou d'Pirate plangen a mindestens 6 Proporzgemengen (Stad, Esch/Uelzecht, Péiteng, Ettelbréck, Klierf a Kielen) unzetrieden. Schonns virum Landeskongress gouf déi nei Sektioun Klierf gegrënnt.
 
De Sven Clement, Parteipresident seet dozou:

D'Pirate waren nach ëmmer eng Wahlkampfpartei déi am meeschten am Kontakt mat de Bierger opgefall ass. Dofir freeë mir eis alleguerten drop fir eis Iddie fir méi modern, fair an transparent Gemenge mat de Bierger am Gespréich ze diskutéieren

Den Andy Maar, Generalsekretär ergänzt:

Eis Kampagn soll dem bipolare Wahlkampf tëscht de Regierungsparteien an CSV eppes entgéintsetze wat duerch Inhalter an net duerch perséinlech Attacken opfält. Gemenge sinn e wichtegt Standbee vun eiser Gesellschaft an dofir ass et ëmsou méi wichteg datt mir Gemengen hunn déi dem 21. Joerhonnert gewuess sinn!

 
Um Programm waren nieft der Presentatioun vun der Wahlcampagne och politesch Rieden.
 
De Camille Liesch, Vizepresident, huet heibäi virun allem Verkéiers- an Aarbechtsmaartpolitik vun der Regierung ugeprangert, wou d'Regierung hir Wahlprogrammer an den Tirang geluecht hätt a just nach op vue géif navigéieren ouni richteg Léisungen unzebidden.
 
D'Lucie Kunakova huet sech der Steiergerechtegkeet ugeholl an d'Ongläichgewiicht tëscht Privatstéit a PME'en am Verglach mat multinationalen Entreprisë ferme kritiséiert.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.