Um Kongress virgestallt"Gréng wierkt" ass deen neie Slogan fir d'Gemengewahlen

E Samschdeg de Moien hunn Déi Gréng sech zu Déifferdeng op hirem Kongress versammelt. De Programm fir d'Gemengewahlen stoung do am Mëttelpunkt.

"Gréng wierkt!" (13.05.2017)
Kongress vun Déi Gréng
"Gréng wierkt", dat ass den neie Slogan, mat deem Déi Gréng den 8. Oktober an d'Gemengewahle ginn an deen e Samschdeg de Moien op hirem Kongress zu Déifferdeng virgestallt gouf. Besonnesch an der Gemengepolitik wär een no bei den Leit an et kéint een direkt eppes beweegen an dofir soll et am Oktober och de Versuch sinn, fir méi gréng Lokalmatadoren an d'Schäfferéit an deemno an d'Verantwortung an de Gemengen ze kréien ...

Kongress Déi Gréng: Rep. Annick Goerens


Aktuell hunn Déi Gréng 77 Mandatairen uechter 38 Gemengen am Land, 32 Proporz- a 6 Majorzgemengen. Dovun 3 Buergermeeschter, 18 Schäffen a 56 Conseilleren.

Et hätt ee laang an och heiansdo frustréierend Joeren an der Oppositioun verbruecht, ma doraus hätt ee vill geléiert an trotzdem och vill beweegt. Dat sot den President Christian Kmiotek fir d'Ouverture vum Kongress. Ma a 5 Joer Regierung hätt ee méi ëmgesat wéi an 30 Joer Oppositioun. An d'Erklärung dofir wär einfach: "well gréng wierkt!"

De Christian Kmiotek

Fir Déi Gréng sollen awer och weiderhin net d'Posten am Virdergrond stoen, mä de Wahlprogramm mat deem ee sech den Erausfuerderunge vu Muer kéint stellen. De gréngen Gemengewahlprogramm baséiert dofir op 3 nohaltegen Pilieren: Ëmwelt, Economie a Soziales. D'Gemenge wären d'Virreider vun nohalteger Politik a kéinten op lokalem Niveau immens vill bewierken, sou nach den Christian Kmiotek.

De Kongress ass iwwregens nach am Gaang a géint Schluss soll de Wahlprogramm gestëmmt ginn, deen dann als Kader an als Inspiratioun fir all gréng Lokalsektioun, fir hire politeschen Agenda vun 2017 bis 2023 soll gëllen.

© RTL Radio Lëtzebuerg / Annick Goerens




Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.