VIDEO: Commentaire vum Guy WeberWahlkampf an "Service public"

An 145 Deeg gi mer nees wielen. Den 8. Oktober ginn eis Vertrieder an de Gemengeréit nei bestëmmt. Lues, awer sécher spiere mer an der Redaktioun, datt eis Presenz um Terrain gefrot an erwënscht ass, fir divers Aktivitéiten a Bild an Toun anzefänken. Dozou e Commentaire vum Guy Weber.

Wahlkampf an "Service public" (16.05.2017)
An 145 Deeg gi mer nees wielen - dat huet elo schonn Afloss op déi journalistesch Aarbecht, mengt de Guy Weber, Chefredakter vun RTL Télé Lëtzebuerg.
Ech weess net, ob Dir et schonns matkritt hutt. De Wahlkampf en vue vun de Gemengewahlen am Oktober huet ugefaangen. Déi politesch Parteie sinn am Gaangen, hir Lëschten op d'Been ze stellen a se matzedeelen. Et geet och lues nees lass mat den Invitatioune fir d'Aweie vu Spillplazen oder den 1. Spuetestéch vun engem Gemengenatelier. Natierlech gëtt erwaart, dass eng Kamera dëse wichtegen Akt, wann e Bändchen duerchgeschnidde gëtt, a Bild an Toun afänkt.

Ech ka jo iergendwéi verstoen, dass d'Gemengeresponsabelen hir Wieler gären iwwer hir Aktivitéiten informéiert halen, a gären eng Kamera do dobäi hätten.

Fir mech ass "Service public" awer virun allem en Déngscht um Bierger an zwar, dass mer déi dräi Pouvoiren am Staat kontrolléieren:

- d'Chamber, wou Gesetzer gestëmmt ginn,
- d'Regierung, wou Gesetzer ëmgesat ginn
- an de Justizsystem.

Dass mer iwwerpréiwen, ob Steiersue richteg gebraucht ginn.

Mer maachen eist Bescht, fir dës Roll ze erfëllen. Dat geléngt net ëmmer.

Mä ech kommen nach eng Kéier op d'Invitatioune vu de Gemengen zeréck.

Ech vermessen eppes. Nämlech d'Aweie vu bezuelbarem Wunnraum. Dat geet vill Leit eppes un. Mä esou Invitatioune si rar geséit. An dach hunn d'Gemengen Instrumenter, fir Mënschen, déi sech keng Wunneng méi kënne leeschten ze hëllefen. D'Gemenge kënne bis zu 75% vum Staat u Subsiden ausbezuelt kréien, wa se Wunnenge fir Stéit mat bescheidenem Niveau bauen.

Eng 1.700 bezuelbar Wunnenge sinn an de leschte 5 Joer vu Gemenge realiséiert ginn.

Vläicht kommen der jo nach e puer no. Et sinn nach 5 Méint bis d'Gemengewahlen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.