GemengewahlenRonnendësch iwwer Logement a Wunnengsbau

De Logement gëtt definitiv zum Wahlkampf-Thema virun de Gemengewahlen - interessant ass d'Aart a Weis, wéi d'Problematik opbruecht gëtt.

Et ass nämlech duerch en Echange vu Bréiwer tëscht der CSV-Oppositioun an dem LSAP-Fraktiounspresident Alex Bodry, wou sech driwwer eens gesat gëtt, datt soll en public iwwert d'Logements-Problematik debattéiert ginn - sou ze soen e Ronnen Dësch iwwert de Logement an de Wunnengsbau.

Den Alex Bodry schreift dann och un de Claude Wiseler, datt hie sech heiriwwer mam Logements-Minister eens gesat hätt. Et misst een dem sozialisteschen Politiker no also déi verschidden Léisungsvirschléi matenee konfrontéieren, fir esou séier nei Pisten am Wunnengsbau ze fannen, et wier nämlech "urgent" fir ze handelen, sou den Alex Bodry a sengem Schreiwes.

Domat besteet also schonn emol Eenegkeet tëscht engem Deel vun der Majoritéit an der Oppositioun - sécher en Zeechen an dësen Zäiten, wou d'Logementsfro akut ass.

De Minister Marc Hansen huet och schonn eng Consultatiouns-Debatt virgeschloen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.