CSV an de GemengewahlenLeit sollen hir Iddien an de Wahlprogramm matabrénge kënnen

Et trëtt een un, fir datt d'CSV den 8. Oktober als stäerkste Partei aus de Gemengewahlen ervirgeet, sou de Laurent Zeimet um Méindeg de Moien.

© René Pfeiffer / RTL Télé Lëtzebuerg

D'Zil wier, fir an de 46 Proporzgemengen eng Lëscht ze hunn. An 38 Gemenge sinn d'Lëschten elo scho prett.

De Moment ass d'CSV bei 486 Kandidaten vu 600, déi am Oktober untrieden. 56% vun de Kandidaten trieden eng éischte Kéier fir d'CSV un, an 39 vun den aktuelle Kandidaten hunn net déi Lëtzebuerger oder d'Duebel-Nationalitéit.

Ënnert de Kandidate sinn och eng Partie CSV-Deputéiert, woubäi den CSV-President all d'Mandatairen opgeruff hat, sech bei de Wahlen opzesetzen.

Et bereet ee sech awer och inhaltlech op d'Wahle vir. De Laurent Zeimet ënnersträicht, datt et senger Partei wichteg wier, fir an der Gemengepolitik mat de Leit a Kontakt ze kommen an hinnen d'Méiglechkeet ze ginn, hir Iddien an de Programm mat anzebréngen. Een Outil heifir ass d'Matmaach-Box ...

"... wou u sech jiddereen, egal wou en am Land an a wéi enger Gemeng e wunnt, ka matmaachen - sech un enger ganz kuerzer Ëmfro ka bedeelegen", esou de Laurent Zeimet.

Op 5 Froe kann een äntweren. Natierlech dës: "Wéi eng Sujete sinn Iech besonnesch wichteg an der Gemeng?"

"Do proposéiere mer mol verschidden Alternativen: de Verkéier, d'Seniorebetreiung, d'Educatioun, Fräizäitprogramm, bezuelbare Wunnraum, Moderniséierung vun den Infrastrukturen, d'Ëmweltpolitik, an natierlech kann een och dee Sujet bäifügen, deen engem selwer vläicht nach méi wichteg ass", esou de Laurent Zeimet.

De Laurent Zeimet vun der CSV (22/05/2017)



Donieft huet d'Partei och e Flyer ausgeschafft, fir den Net-Lëtzebuerger Matbierger a Matbiergerinne matzedeelen, wat d'Konditioune sinn, fir datt si sech kënnen op de Wahllëschten aschreiwen. An och fir d'Bréifwahl soll an e puer Wochen eng Campagne vun der CSV lancéiert ginn.



Hei nach Präzisiounen vum CSV-Generalsekretariat zum Stand vun de Lëschten an den Deputéierten.

Bis elo hunn 38 Sektiounen vun 46 aus de Proporzgemengen (bestoend an nei) hir Lëscht duerch d’Generalversammlung ugeholl. 

Deputéierten, déi bis elo op de Lëschten an de bestoende Proporzgemengen wäerte matgoen: 

  • Diane Adehm, Sylvie Andrich-Duval, Félix Eischen, Léon Gloden, Jean-Marie Halsdorf, Françoise Hetto-Gaasch, Marc Lies, Martine Mergen, Laurent Mosar, Marcel Oberweis, Gilles Roth, Marc Spautz, Serge Wilmes, Michel Wolter, Laurent Zeimet

Deputéierten, déi an de neie Proporzgemengen wäerte matgoen:

  • Emile Eicher

D’Deputéiertezuel ass awer nach net definitiv! Et ass de Stand vun haut. An 8 Proporzgemengen mussen d’CSV-Sektiounen nach d’Lëscht duerch hir Generalversammlung unhuelen. 

Majorzgemengen, wou och d’CSV-Deputéiert kandidéieren, sinn hei ausdrécklech net berécksiichtegt. 

D’Equipe vum CSV-Generalsekretariat.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.