Putsch zu Leideleng?Gemengemamm weist Virwërf zeréck, 2. Lëscht eng DP-Revanche?

An der Gemeng Leideleng gëtt et virun de Gemengewahlen, wéi et schéngs, Kaméidi. 2 Memberen aus dem aktuelle Gemengerot komme mat eegene Lëschten.

Zu Leideleng ass de Walkampf  lancéiert. Zwee Conseilleren aus dem aktuelle Gemengerot hunn eng eege Lëscht fir den 8. Oktober géint d'"Lëscht vun der Buergermeeschtesch" opgestallt a reprochéieren der Gemengemamm Kommunikatiounsmanktem a Wahlpropaganda um Nopeschfest. D'Diane Bisenius-Feipel léisst d'Reprochen am RTL-Interview awer net op sech sëtzen a suggeréiert parteipolitesch Interessien.

Leideleng Feipel reagéiert / Reportage Claude Zeimetz

An zwar konkret vun der DP. Schonn nom Dout vum fréiere Buergermeeschter Rob Roemen wier oeuvréiert ginn, fir nees e Bloen op de Buergermeeschter-Posten zu Leideleng ze kréien.

Déi Ausso war gefall an d'Diane Bisenius-Feipel ka just dem deemolege Schäfferot verdanken, datt et net esou komm ass. Et ass dunn de Stëmmen no gaangen, also esou, wéi de Wieler entscheet huet. Et kéint ee sech denken, datt déi aktuell Lëscht vum Här Calmus eng Revanche wier, fir nees en DP-Mann op de Stull vum Buergermeeschter ze kréien.

D'Buergermeeschtesch vu Leideleng selwer seet sech onofhängeg vun all Partei. De Reprochen, si hätt den zwee Conseillere Calmus a Jakos d'Nues virun der Dier zougeklaakt, fir zesummen op eng Lëscht ze goen, weist d'Gemengemamm zeréck. Et hätt ee sech gesinn an diskutéiert. Ma d'Lëscht "Zesumme fir Leideleng" hätt Konditioune gestallt, mat deene si net liewe konnt.

Si wollten do Parteipolitik bedreiwen a wollten der aktueller Buergermeeschtesch eng Equipe opzwéngen. Si hätten 8 Leit gehat an d'Diane Bisenius-Feipel wier déi néngt gewiescht. Donieft wollte se de Schäfferot schonn am Virfeld zesummesetzen, nach éier gewielt gi wier.

Si awer wéilt d'Posten net verdeelen, ier d'Wieler geschwat hunn. D'Buergermeeschtesch weist och de Reproche vum Kommunikatiounsdefizit kloer vu sech. De Gemengerot wier regelméisseg, virun alle Sitzung, vum Schäfferot gebrieft ginn an och vu Walpropaganda um Nopeschfest kéint keng Rieds sinn.

D'Equipe ronderëm déi aktuell Gemengemamm war jo nach net presentéiert, datt ass jo eréischt e Méindeg geschitt. Et stoung jo zu deem Moment nach net fest, datt d'Diane Bisenius-Feipel nach eng Kéier géif mat an d'Wahle goen a si huet och keng Ried op der Plaz gehalen. Weider war nach e Signataire, deen de Bréif ënnerschriwwen hat, och um Nopeschfest.

D'Diane Bisenius-Feipel ass sech op deem Punkt kenger Schold bewosst. Ass et dann net d'Zil vum Nopeschfest, fir seng Noperen z'invitéieren?

Virwërf géint Gemengemamm: Kommunikatiounsmangel a Wahlpropaganda
Zu Leideleng gëtt virun de Gemengewahle mat haarde Bandage gekämpft. Spéitstens zanter dem Nopeschfest Enn Mee ass kloer wat an der Majorzgemeng gelaut huet.

An engem oppene Bréif  un den Inneminister Dan Kersch huet de Mouvement "Zesumme fir Leideleng" dem Leidelenger Schäfferot  nämlech reprochéiert, mat der Organisatioun vun deem Fest ëffentlech Gelder ze verontreien. Et géif an engem Wahljoer just drëms goen d'Buergermeeschtesch op hirem Posten ze confirméieren.

Kuerz drop hunn déi 9 Signatairen vun deem Bréif  hir Kandidatelëscht fir den 8. Oktober publizéiert. Besonnesch brisant, 2 vun den 9 Kandidate sëtzen haut nach am Gemengerot. Déi separate '"Lëscht vun der Buergermeeschtesch" ass e Méindeg nokomm.

Putsch zu Leideleng? E Reportage vum Claude Zeimetz



An déi Lëscht ëm d'Diane Bisenius-Feipel heescht genee sou a setzt sech, ausser der Leidelenger Gemengemamm, aus rengen Newcomeren an der Gemengepolitik zesummen. Kee vun den anere 5 Memberen am aktuelle Gemengerot geet den 8. Oktober nämlech nach emol mat. Aus Altersgrënn, wéi een héiert oder well d'Zäit feelt.

Keen ausser d'Conseilleren Marcel Jakobs a Patrick Calmus. Déi  hu, wéi gesot, hir eege Lëscht lancéiert. Och wann een eigentlech net Demandeur gewiescht wier, seet de Patrick Calmus. Et wier een op d'Buergermeeschtesch duergaangen an hätt proposéiert zesummen ze schaffen, mä do hätt een d'Dier zougeklaakt kritt.

D'Diane Bisenius-Feipel hat am Januar viru 4 Joer no engem déidlechen Accident vum Rob Roemen, als Nächstgewielt, de Buergermeeschterposten iwwerholl.

Zanter datt de verstuerwene fréiere Chefredakter vum Journal an DP-Politiker net méi d'Soen zu Leideleng huet, hätt et mat der Kommunikatioun net méi geklappt, kritiséiert de Conseiller, deen net mam Stil vun der Buergermeeschtesch eens gëtt. Et wier ee virdrun eng Equipe gewiescht, an dat wier elo net méi sou.

Och beim Nopeschfest wier de Gemengerot net am Virfeld mat agebonne ginn. De Schäfferot hätt déi direkt Nopere vun der Gemeng just invitéiert fir Wahlpropaganda ze maachen.

Leideleng ass fir den Ament nach eng Majorzgemeng an där also parteiiwwergäifend am Gemengerot geschafft gëtt. Offiziell wëll de Patrick Calmus och näischt vun engem DP-Putsch wëssen, sou wéi d'Tageblatt geschriwwen huet. Et wier een net parteigebonnen och wann den Numm "Roemen", mam Jong vum verstuerwene Buergermeeschter, op der Lëscht steet. Zu Leideleng hätten nach ëmmer éischter blo-Stréimungen dominéiert. Lo wier een awer ganz breet opgestallt, an do kéint een net méi vun enger bloer Lëscht schwätzen, sou de Patrick Calmus.

Mat 6 vun 9 bloe Kandidaten ass eng liberal Tendenz, oder soe mer eng blo Influenz op der Lëscht  awer net vun der Hand ze weisen. Eng Lëscht déi och vun aneren DP-Mandatairen op de sozialen Netzwierker begréisst gouf. D'Diane Bisenius-Feipel steet éischter der CSV méi no. Egal wéi, de Wahlkampf zu Leideleng annoncéiert spannend ze ginn.

Op der Leidelenger Gemeng, si mer um Dënschdeg de Moien leider net un d'Buergermeeschtesch Diane Bisenius-Feipel komm, fir och e Statement vun hir ze kréien.

Artikel: Gemengewahle Leideleng - Lëscht vun der Buergermeeschtesch - Diane Feipel
Artikel: Gemengewahlen 2017 - D'Equipe "Zesumme fir Leideleng" stellt sech vir

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.