"LSAP. Fir haut a fir muer"D’LSAP huet hire Wahlprogramm 2017 presentéiert

Bei de Parteie gëtt fläisseg un de Gemengewahle geschafft. D'LSAP huet e Mëttwoch hire Wahlprogramm 2017 zu Schëffleng presentéiert.

Wahlprogramm 2017 vun der LSAP (14.06.2017)
D'LSAP huet e Mëttwoch hire Wahlprogramm 2017 zu Schëffleng presentéiert.
''LSAP. Fir haut a fir muer'', esou heescht d'Wahlcampagne vun de Sozialiste fir d'Gemengewahlen den 8. Oktober. Zesumme mat dësem Slogan huet d'LSAP e Mëttwoch zu Schëffleng och hire Wahlprogramm virgestallt. Opfälleg war de klore Message un d'CSV, déi hat jo an de leschte Sondage vill besser ofgeschnidden, wéi d'LSAP, d'Aarbechterpartei géif awer bis zum Schluss kämpfen, heescht et.

LSAP-Wahlprogramm 2017 / Reportage Pierre Jans



Suerge mécht sech d'LSAP keng, och wann ee bei aktuellen Ëmfroen e Stëmmungsdéif bei de Sozialisten an de Nopeschlänner, awer och hei am Land feststellt. De Parteipresident Claude Haagen präziséiert, dass ee Wahlen an Däitschland an a Frankräich net ka mat deenen hei am Land vergläichen.

Dass d'LSAP sech nei ausriichte muss, géing virun allem doru leien, dass eis Gesellschaft sech ganz staark erneiert. Do heescht et op d'Besoine vun de Leit anzegoen an am Wuel vun de Bierger z'adaptéieren.

Fir d'LSAP si bei dëse Wahlen 3 Punkte wichteg: Familljepolitik, Logement an den Trafic. A mat deene Punkten wëll een net nëmmen déi traditionell Wielerschaft uspriechen, mä och déi breet Masse. D'Prioritéit gesäit d'LSAP am Süden awer besonnesch am bezuelbare Wunnraum.

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.