Carte Blanche vum Paul EstgenDe Wieler brauch en Observatoire vun der Gemengerealitéit

Den 8. Oktober sinn zu Lëtzebuerg erëm Gemengewahlen. Dozou eng Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog am Centre Jean 23.

Carte Blanche vum Paul Estgen



Wéi all Bierger zu Lëtzebuerg, deen d'Wahlrecht huet, ginn ech den zweete Sonndeg am Oktober meng Kräizercher op de Wahlziedel maachen. Ech wëll deene Leit, déi ech fir capabel halen, d’Mandat ginn, fir meng Gemeng an den nächste 6 Joer politesch ze leeden.

Wann ee Wahle seet, seet ee jo och, dass een e Choix muss maachen. Natierlech, wéi bei ganz villen anere Leit, maachen ech dee Choix meeschtens op der Basis vu Persounen, déi ech gutt a kompetent fannen. Lo gëtt et zwar en Zesummenhang tëscht de Kandidaten, der Partei, wou se dra sinn, an der Politik, déi se maachen. Mä wann ech ganz éierlech sinn, ass mäi Choix dann awer éischter aus dem Bauch eraus, wéi dass ech géif probéieren, fir am Virfeld objektiv Kritäre festzeleeën, mat deenen ech hir vergaange Politik géif evaluéieren.

Mä maache mer elo mol, als Gedankespillerei, wéi wa mer d’Persoune guer net oder nëmme ganz wéineg géif kennen. Wéi géif da mäi Choix ausgesinn?

Fir d’éischt misste mer jo mol driwwer nodenken, wéi zefridde mer sinn, mat deem, wat déi aktuell politesch Majoritéit geleescht huet, an op déi Leit an der Oppositioun gewisen hunn, dass si eng glafwürdeg Alternativ während deene leschte Joren duergestallt hunn.

Ech muss also e Réckbléck maachen. Eng Aart Evaluatioun vun der Aarbecht, déi gelëscht ginn ass. Mä genau dat ass um Niveau vun den Gemengen net sou einfach. Natierlech ginn d’Compte–Rendue vun den Gemengerotssitzungen. An ech hunn och Zougang zu de Budgeten a Bilane vun der Gemeng. Mä dorausser sech e koherent Bild ze maachen, iwwer d’Situatioun an den Zesummenhang mat de politeschen Decisiounen, déi geholl gi sinn, ass schwierege an extrem opwändeg. Ech kann och op d’Flyere vun de Parteien zeréckgräifen, wou déi natierlech de Bilan vun hiren Aarbecht presentéieren. Mä ass dat eng gutt Quell, wann ech sachlech Informatioune sichen an en Iwwerbléck wëll kréien? All dat remplacéiert natierlech net eng fundéiert Analys iwwer d’Situatioun. Wee kéint déi maachen, a sou presentéieren, dass mer als Wieler wéinstens e Minimum vun objektive Fakte kriten, fir dann op Basis vun onse Wäerter a Virstellungen ze jugéieren?

D’Medie kënnen dat net op dem Gemengenniveau leeschten, den Opwand ass einfach ze grouss. Si kënnen héchstens mol, een oder dat anert méi spektakuläert politescht Ereegnis suivéieren. Wann ech mer Froe stellen, ob ons Gemeng genuch am Beräich Sport, Kultur, Soziales oder Stroossebau mécht, bräicht ech jo iergendwéi Unhaltspunkten, fir dat ze bewäerten. Wéi soll de richtegen Equiliber vun den Investissementer ausgesinn? Och wann ech mer Finanzbilan ukucken, weess ech net, ob mir an onser Gemeng iwwerverschëlt sinn, ob mir vill oder wéineg Kapital hunn, an ob mer iergendwéi nohalteg wirtschaften? Ech wär natierlech och interesséiert, ze wëssen, ob ons Gemeng dann elo ze vill oder ze wéineg Personal huet am Verglach mat deenen aneren. Hu mir vill Gemengekommissiounen an ass de Montant vun de Jetonen héich oder déif? Sinn ons Gemengentaxen, onse Präis fir d’Waasser an d’Poubellë korrekt?

Fazit: ech misst kënnen ons Situatioun mat deenen aneren Gemengen vergläichen.

Alles dat, ass am Moment sou net direkt als Informatioun ze kréien. Wuel ginn et verschidde Statistiken zu verschiddenen Themaen, mä et gëtt keng global Analys komparativ iwwert Gemengen. Mä genau sou e sachleche Bilan wär e wichtegt Instrument fir all Wieler, wann et drëms geet, am Oktober säin Choix ze treffen.

Ech plädéiere ganz kloer dofir, dass mer zu Lëtzebuerg entweder en Institut schafen, oder enger Institutioun den Optrag ginn ( Uni, Syvicol,…), fir als Observatoire vun der Gemengerealitéit sou komparativ Analysen ze maachen, an de Bierger sou d’Méiglechkeet ze ginn, fir d’Realitéit um lokalen Niveau ze verstoen an ze bewäerten. Dat wär e wichtege Bäitrag fir de politeschen Debat a géif sécher den Intressen, un der Politik stäerken.

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.