Wiessel zu SuessemPiscitelli an Cecchetti solle Mandat zréckginn

Zu Suessem wiessele 2 Gemengerotsmemberen d'Partei. En Decisioun, déi net ouni Konsequenzen a vill Reaktioune bleift.

Déi zwee Membere vum aktuelle Schäffen- a Gemengerot zu Suessem, déi vu sech selwer behaapten onbequem, fir hir Parteien ze sinn, wollten u sech am Ufank en eegenen sozial-ecologesche Mouvement zu Suessem grënnen.

Elo sti se bei déi Lénk mat der Lëscht. Allebéid schwätze vun tëschemënschlechen a prinzipielle Problemer, wéinst deene si sech net méi mat hiren aktuelle Parteien identifizéiere kënnen. Allebéid wëlle si sech net méi de Mond verbidde loossen, wëllen dat nees soe kënnen, firwat se antrieden.

De Jos Piscitelli (1)



Datt hien am Dezember zejoert net méi vun der rout-grénger Majoritéit als President vum Office social confirméiert gouf, hätt d'Faass zum Iwwerlafe bruecht, seet de Jos Piscitelli, deen zanter 25 Joer an der LSAP ass. Deemools hat de Suessemer LSAP-Buergermeeschter Georges Engel vun oniwwerbréckbaren Differenzen geschwat. De Jos Piscitelli kann dat haut nëmmen ënnerschreiwen. Seng Partei géif net méi fir dat stoen, wat hien all Dag erlieft.

De Jos Piscitelli (2)



Ähnlech Téin vun der grénger Schäffen Myriam Cecchetti, déi zesumme mam Jos Piscitelli d'épicerie sociale an der Gemeng geréiert an déi, grad wéi de Jos Piscitelli bei der LSAP, net méi vun de Gréngen zu Suessem mat op d'Lëscht geholl gouf. Si rechent am RTL-Interview mat hirer Partei of. Si hätt et moralesch net méi gepackt.

D'Myriam Cecchetti



Haut wier et weder bei deene Gréngen nach bei der LSAP erwënscht, wa Leit hir Meenung soen, sou d'Myriam Cecchetti, déi de grénge Regierungsmembere reprochéiert, si am Dossier Käerjenger Contournement ënner Drock gesat ze hunn.

D'Myriam Cecchetti wëll  bis den 8. Oktober net op hire Schäffeposten zu Suessem verzichten. Si géif sech nach ëmmer als gréng Politikerin gesinn, wier nach ëmmer Member vun der Partei.

Déi Lénk sinn den Ament mat engem Conseiller zu Suessem vertrueden. Hir Lëscht ass och elo komplett a gouf en Donneschdeg den Owend ofgeseent. Am Ganzen triede 17 Kandidaten un, dorënner och de fréieren Deputéierten an Ex-Gemengerotsmember Serge Urbany souwéi déi aktuell Conseillere Patrizia Arendt.

Reaktioun Patrizia Arendt, Conseillère vun déi Lenk (1)



Bannent der Partei sinn an deem Kontext ganz vill Diskussioune gelaf. Ënner anerem géif et do e Rotatiounsprinzip ginn oder en non-cumul vun de Mandater. Am Ufank hätten Déi Gréng och esou funktionéiert, mee mat der Zäit hätte si dës Prinzipie fale gelooss, sou d'Patrizia Arendt.

Reaktioun Patrizia Arendt, Conseillère vun déi Lenk (2)



LINK: Déi komplett Lëscht vun déi Lénk zu Suessem.

Reaktiounen a Fuerderungen

D'Myriam Cecchetti an de Jos Piscitelli mussen hiert aktuellt Mandat de Gréngen an der LSAP an der Gemeng Suessem zeréckginn, dat fuerderen d'Presidente vun deenen zwou Lokalsektiounen am RTL-Interview. Déi aktuell Schäffen an de Gemengeconseiller vun der rout-grénger Majoritéit an der Südgemeng goufe jo en Donneschdeg den Owend op der Lëscht vun der Oppositiounspartei vun déi Lénk als Kandidaten fir d'Gemengewalen ugeholl. Eng Entwécklung, déi sech déi lescht Joren schonn ugedeit huet.

Reaktiounen zu Suessem / Reportage Claude Zeimetz



Op mannst bei där Analyse leien déi verschidde Säiten op enger Linn. Et wier ëmmer méi zu Konflikter komm iwwert d'Aart a Weis, wéi ee Politik mécht, seet den Suessemer Buergermeeschter Georges Engel. D'Informatioun, dass de Jos Piscitelli mat anere Parteien eventuell géif an d'Wahle goen, ass ze vergläichen wéi bei enger Footballsequipe, wann een dem Trainer seet, wann ech op den Terrain kommen, da schéissen ech ee Solbstgoal, a wann den Trainer deen dann opsetzt, ass e selwer Schold.

Den definitive Broch huet, wéi gesot, Enn zejoert de Vote fir de Presidenteposten vum Office social ausgeléist. E Posten, fir deen d'Majoritéit een anere wéi de President sortant Jos Piscitelli zeréckbehal huet. De President vun der grénger Lokalsektioun Robert Rings reprochéiert der Grénger Schäffin, sech an deem konkrete Fall net un de Koalitiounsaccord gehal ze hunn. Dowéinst hätt een d'Myriam Cecchetti och net méi mat op déi gréng Lëscht geholl.

Fir de Robert Rings ass et och evident, datt déi Éischtgewielten op der Grénger Lëscht bei de leschte Wahlen an dëser cocasser Situatioun net méi an der Partei bleiwe kann. Déi Gréng Suessem wëlle lo direkt en Ausschlossverfahren an d'Weeër leeden. Et wier nëmmen éierlech, datt d'Partei dat Mandat zeréckzitt, dat ee vun där Partei krut.

De Georges Engel argumentéiert am Fall Piscitelli genee d'selwecht.

Datt déi zwee Concernéiert an hire Parteien net hir Meenung oppe soe konnten, weisen d'Presidente vun den zwou Lokalsektiounen zréck. Egal wéi, de Sträit zu Suessem ass nach net eriwwer. Do dierft kee béis sinn, datt de Gemengerot a senger aktueller Konstellatioun virun de Wahlen just nach eemol zesummekënnt.

Antëscht hunn déi zwee Parteipresidenten vun deene Gréngen offiziell d’Prozedure lancéiert fir d’Myriam Cecchetti aus der Partei auszeschléissen. Wéi et an engem Communiqué heescht, hätt déi gréng Schäffen zu Suessem duerch hir Kandidatur bei déi Lénk kloer géint d’Grondsazdeclaratioun an de Gemengewalprogramm vun déi Gréng verstouss. Donieft reprochéiert d’Parteispëtzt, der Kandidatin Parteimemberen an der Ëffentlechkeet beleidegt ze hunn.



Hei d'Schreiwes vun Déi Gréng an hirer Lokalsektioun Suessem

Ausschlussverfahren aus der Partei für Myriam Cecchetti beantragt

Die beiden Parteipräsidenten Christian Kmiotek und Françoise Folmer haben heute Morgen ein Parteiausschlussverfahren von Myriam Cecchetti beantragt, mit folgenden Gründen:

  • durch ihre Kandidatur auf der Liste von déi lénk Sassenheim wendet sich Frau Cecchetti klar von der Grundsatzerklärung und dem einstimmig angenommenen Gemeindewahlprogramm von déi gréng ab;
  • Frau Cecchetti hat mehrere grüne Parteimitglieder vorsätzlich in der Öffentlichkeit verunglimpft und beleidigt.

Außerdem fordern déi gréng Suessem Frau Cecchetti auf, sofort ihre beiden Mandate im Gemeinderat – ihren Schöffenratsposten und ihr Gemeinderatsmandat- niederzulegen. Frau Cecchetti wurde bei den Gemeinderatswahlen 2011 auf der Liste déi gréng gewählt, aufgrund eines von der ganzen Sektion erarbeiteten Programms, profitierte von den vielen grünen Listenstimmen und wurde von der lokalen Sektion für den Schöffenratsposten vorgeschlagen.

Durch ihr Abstimmungsverhalten im Rahmen einer Gemeinderatssitzung im letzten Dezember hatte Frau Cecchetti klar gegen das laufende Koalitionsabkommen mit der lokalen LSAP verstoßen; außerdem übte die Schöffin Druck auf die beiden anderen Gemeinderatsmitglieder von déi gréng aus, ihrem Verhalten zu folgen um damit bewusst einen Koalitionsbruch zu erreichen. Dies führte seinerzeit schon zu einem massiven Vertrauensverlust innerhalb der Lokalsektion und unter anderem auch zur Nichtberücksichtigung von Frau Cecchetti bei der grünen Kandidatenliste für die kommenden Gemeindewahlen im Oktober.

In unseren Augen gilt für Frau Cecchetti somit die moralische Pflicht, im Falle einer Kandidatur auf einer anderen Liste ihr Mandat an déi gréng zurück zu geben.

Die Lokalsektion déi gréng Suessem möchte nichtsdestotrotz auf die erfolgreiche Umsetzung des LSAP-déi gréng Koalitionsabkommens während der vergangenen 6 Jahre hinweisen. Die Arbeit unserer Vertreter im Schöffen- und im Gemeinderat sowie sämtlicher Parteimitglieder der Sektion hat dazu beigetragen, dass in unserer Gemeinde viele fortschrittliche Projekte in dieser Mandatsperiode umgesetzt werden konnten und dass eine positive Bilanz der rot-grünen Gemeindeführung gezogen werden kann.

déi gréng Suessem sind bereit auch weiterhin Verantwortung in unserer Gemeinde zu übernehmen, legen aber Wert darauf zu betonen, dass schriftliche Abmachungen unter Koalitionspartnern eingehalten werden müssen und unter keinen Umständen aus rein persönlichen emotionalen Beweggründen gebrochen werden dürfen.   





Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.