Politik fir unzepakenD'Stater LSAP méi no un den Awunner

Fir d'Froe vun den Awunner ze beäntwerten a sech hir Iddien unzelauschteren, sinn d'Kandidate vum 16. Juni bis zum 11. Juli an der Stad ënnerwee.

© lsap

Ganz nom Motto vum däneschen Architekt Jan Gehl "First Life, then spaces, then buildings", sinn d'Stater Kandidate vun der LSAP vum 16. Juni bis zum 11. Juli an der Stad ënnerwee. Si wëllen doduerch méi no un den Awunner sinn an hir Iddien a Bedenken aus éischter Hand héieren. Dat Wichtegst fir d'Spëtzekandidate Cathy Fayot a Marc Angel an hiert Team ass et, mat de Biergerinnen a Bierger diskutéieren ze kënnen.

D'Stater Sozialiste setze sech ënnert anerem dofir an, datt Auslänner, déi zënter méi wéi fënnef Joer am Land sinn, sech fir d'Gemengewahlen opsetzen. Integratioun ass fir si ëmmer och politesch. 10 vu 27 Kandidate vun der aktueller LSAP-Lëscht sinn deemno net zu Lëtzebuerg gebuer.

De Mënsch steet fir d'LSAP am Mëttelpunkt. An deem Sënn ass et hinne wichteg, fir e méi bezuelbare Wunnraum ze schafen an iwwerméisseg Immobiliespekulatiounen, esou wéi och ze héije Loyer fir kleng Entreprisen, ze ënnerbannen. Och méi effektiv Infrastrukturen, wéi zum Beispill Schoulen a Kulturbauten, solle geschaaft ginn.

Wie méi wësse wëll, fënnt hei weider Informatiounen:

PDF: Schreiwes vun der LSAP