Background am Gespréich vum 1. JuliWéi geet Gemengepolitik?

Invitéë waren d'Cécile Hemmen vu Weiler zum Tuerm, de Laurent Zeimet vu Beetebuerg, de Roberto Traversini vun Déifferdeng an de Lex Delles vu Munneref.

Radio - Background: Hemmen, Zeimet, Traversini an Delles (01.07.2017)
Invitéë waren d'Cécile Hemmen vu Weiler zum Tuerm, de Laurent Zeimet vu Beetebuerg, de Roberto Traversini vun Déifferdeng an de Lex Delles vu Munneref.

Eng Diskussioun iwwer duebel Mandater, déi misst ee féieren, an awer kann een Deputéierten a Buergermeeschter gläichzäiteg sinn – dat soten an der Mëttegstonn eis 4 Invitéen, 4 Députés Maires, an der Emissioun Background. Et goung – gutt 3 Méint virun de Gemengewahlen – iwwer d'Gemengepolitik. D’Cécile Hemmen, LSAP, Buergermeeschtesch vu Weiler-la-Tour, de Laurent Zeimet CSV-Buergermeeschter vu Beetebuerg, de grénge Roberto Traversini, Buergermeeschter vun Déifferdeng an de Lex Delles, den DP-Gemengepapp vu Munneref ware bei eis am Studio.

Jo, et kéint een déi zwou Saache Gemenge a Chamber anstänneg maache mat vill Zäitopwand an et bräicht ee gutt Leit ronderëm sech, sot de Roberto Traversini. Fir d'Cécile Hemmen géif et Sënn maachen en Anti-Cumul z'envisagéieren. Et wär awer compatibel an et misst ee wëssen, wou engem seng Prioritéite sinn.

Fir de Laurent Zeimet ass de Buergermeeschter theoretesch e Vollzäitjob, et wär ee Buergermeeschter jo och ronderëm d'Auer. Et kéint een iwwer Vollzäitpolitiker diskutéieren, mä et wéilt ee jo och nach Politiker, déi am Liewe stinn. Och fir de Lex Delles soll eng Diskussioun iwwer duebel Mandater gefouert ginn. Dat géif awer och fir Leit am Schäfferot gëllen.

Et wär net ëmmer einfach eng Lëscht zesummen ze kréien, Leit ze motivéieren, soten och déi 4 Députés Maires. Et géif awer staark vun de Gemengen ofhänken, wéi gutt datt dat klappt. Et kéint een och net 6 Méint viru Walen dermat ufänken. Et wär eng Aarbecht, déi een – och als Partei – permanent misst maachen.

An der Gemengepolitik kéint ee villes konkret maachen. Dat wär dat motivant. Resultater géif ee vill méi direkt gesinn, am enke Kontakt mat de Leit.

Background am Gespréich iwwer d'Gemengepolitik.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.