GemengewahlenStater ADR nach ouni Spëtzekandidat: Reding oder Goergen?

D'ADR aus der Stad huet hir Kandidatelëscht fir d'Gemengewahlen nach net presentéiert.

Et schéngt och nach net ganz kloer, wie Spëtzekandidat wäert ginn. RTL-Informatiounen no envisagéiert den Deputéierte Roy Reding, fir sech op kommunalem Niveau fir seng Partei ze engagéieren a kéim deemno fir eng Spëtzekandidatur a Fro. De Roy Reding huet dat eis géintiwwer um Freideg mol nach dementéiert.

Eng aner Kandidatin fir dee Poste kéint déi aktuell Gemengerotsmemberin Marceline Goergen sinn, déi jo zanter 2012 fir d'ADR um Knuedler sëtzt.

E Méindeg kënnt d'Sektioun beieneen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.