GemengewahlenStater ADR mat 2 Spëtzekandidaten

D'Stater ADR-Sektioun geet mat zwee Spëtzekandidaten an d'Gemengewahlen an zwar mam Marceline Goergen a mam Deputéierte Roy Reding.

D'Marceline Goergen präziséiert awer, datt si déi éischt Spëtzekandidatin ass, also Tête de liste.

D'Rumeuren, et hätt an der Sektioun Kritik um Personnage Roy Reding ginn, wollt de Concernéierten am RTL-Interview net kommentéieren. Et hätt een um Méindeg unanime fir dës duebel Spëtzt gestëmmt. Hien hätt um Enn och de Support vun der Marceline Goergen gehat an hire Feu Vert wier och néideg gewiescht, soss wier hien net op der Lëscht.

De Roy Reding (1)



Perséinleches dierft an engem Wahlkampf souwisou keng Roll spillen, seet de Roy Reding. Et géif ëm d'Saach goen, ëm d'Stad Lëtzebuerg. Et misst méiglech sinn, ee Minimum vun 2 Sëtz ze kréien. Da kéint ee gutt Oppositiounsaarbecht maachen.

De Roy Reding (2)



2011 wollt de Roy Reding och scho mat op d'Lëscht fir d'Gemengewahlen. Deemools hat hien sech awer e bëssen ze spéit an der Stad ugemellt.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.