VIDEO: GemengewahlenDP presentéiert Programm, ronn 600 Kandidaten op de Lëschten

Op enger Pressekonferenz huet d'DP um Donneschdeg hire Programm fir d'Gemengewahle presentéiert. Aktuell wiere schonn 22 Lëschte komplett a presentéiert.

DP mat Häerz a Séil (06.07.2017)
D'DP huet hire Wahlprogramm fir d'Gemengewahlen virgestallt

"Mat Häerz a Séil" mat deem Slogan geet d'DP an d'Gemengewahlen. En Donneschdeg de Mëtteg gouf de Programm vun der Demokratescher Partei presentéiert. 22 Lëschte goufe bis ewell scho presentéiert, mä domat ass een awer nach net komplett. 468 Kandidaten hu sech de Moment fir d'Wahlen opgesat, dorënner 170 Fraen. Mä och dee Chiffer dierft an den nächste Wochen nach klammen, sou datt een am Ganze mat ronn 600 Kandidate rechent, déi mat an d'Gemengewahle ginn.

De Marc Ruppert, Generalsekretär vun der DP huet dann en Donneschdeg de Mëtteg betount, datt ee sech de Wieler mat engem gemeinsamen Zil stellt.

Marc Ruppert: Do wou mir an der Verantwortung sinn, wëlle mir an der Verantwortung bleiwen. Do wou mir net an der Verantwortung sinn, wëlle mir an d'Verantwortung kommen. Allgemeng wëlle mir d'Resultat vun 2011 bestätegen, respektiv och nach eng Kéier verbesseren. Mat Häerz a Séil ass och d'Séil mat deem onse Programm geschriwwen ass. Mir hu 5 grouss Workshopen ofgehalen iwwert déi leschte Méint, mat iwwer 200 Memberen, déi partizipéiert hunn, fir Iddien an Erfahrungen ze sammelen.  

Extrait Max Hahn

Famill, Mobilitéit, Wunnen an Ëmwelt - déi Schwéierpunkten huet sech d'Partei ginn. De Max Hahn huet ënnerstrach, datt ee Gemenge wëll, wou ee jonk ka sinn, an al wëll ginn.

Max Hahn: Dat heescht, dass ma mussen eise Jonken, wa se dann d'Elterenhaus verloossen, d'Chance bidden, dass se an der Gemeng kënne bleiwen iwwert e Punktesystem. Ähnlech wéi d'Stad Lëtzebuerg dat huet, wou ee Prioritéit kritt, wat ee méi jonk ass, wat ee méi laang schonn an der Gemeng gewunnt huet. Dat selwecht wëlle mir awer net nëmme fir eis jonk Matbierger maachen, mä och fir eis eeler Matbierger. Wou een al och wëll ginn. Dat heescht et muss een och Méiglechkeeten an de Gemenge schafen, wou eeler Leit kënnen an der Gemeng bleiwen. A fir wat net dat Ganzt generatiounsiwwergräifend andeems ee Gebailechkeete schaaft, wou jonk an eeler Leit sech begéinen an zesumme liewen.           

Extrait Max Hahn

D'DP huet aktuell 16 Buergermeeschteren uechter d'Land.

De Marc Ruppert, Generalsekretär vun der DP, huet betount, datt et déi 1. Kéier ass, datt de Programm vun der Partei a 5 Sproochen, Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch, iwwersat gouf, an op hirem Site consultéiert ka ginn.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.