VIDEO: City BreakfastRonn 34'300 Leit si fir d'Gemengewahlen an der Stad ugemellt

Nieft 27.827 Lëtzebuerger hu sech awer och 6.5669 Net-Lëtzebuerger ageschriwwen. Weider gouf annoncéiert, datt de Skyliner bis den 20. August stoe bleift.

City Breakfast: 34.300 Leit fir Gemengewahlen ugemellt (19.07.2017)
Zefridde sinn déi Stader Gemengeresponsabel mat hirer Campagne d'Net - Lëtzebuerger fir d'Wahlen am Oktober ze begeeschteren.
D'Campagne fir d'Net-Lëtzebuerger Matbierger an der Stad Lëtzebuerg ze incitéieren, fir wielen ze goen, hätt Uklang fonnt, sot d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer e Mëttwoch um traditionelle City Breakfast. D'Zuel ass par Rapport zu 2011 ëm 24,5% geklommen. Allgemeng gekuckt hu sech d'Chifferen am Verglach zu de leschte Gemengewahle verbessert. Et sief natierlech och dobäi gesot, datt haut méi Leit, ob Lëtzebuerger oder net, an der Stad wunnen, wéi nach viru 6 Joer. 34.396 Leit sinn de Moment op de Lëschten ageschriwwen, dat ass eng Augmentatioun vu 5,6% zu 2011. D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer mat den Detailer:

Extrait Lydie Polfer



De gréissten Deel, 27.827, si Lëtzebuerger Awunner. Et hu sech awer och 6.569 Net-Lëtzebuerger ageschriwwen. Dat ass e plus vun 24,5% zu 2011. De gréissten Deel vun den Net-Lëtzebuerger, déi sech ugemellt hunn, si Fransousen mat 1.549 a Portugisen mat 1.422.

Fir den direkte Verglach zu de leschte Gemengewahlen. Deemools waren 32.557 Wieler an der Stad ugemellt, dorënner 27.282 Lëtzebuerger a 5.275 Net-Lëtzebuerger.

Den DP-Schäffe Patrick Goldschmidt huet awer och betount, datt Zuelen a Prozenter ëmmer geféierlech wieren.

Extrait Patrick Goldschmidt



Vun deene 5.300, déi 2011 ageschriwwe waren, sinn der an tëscht vill, déi elo eng duebel Nationalitéit hunn oder souguer ganz Lëtzebuerger sinn, déi si jo da bei den Zuele vun den Net-Lëtzebuerger net méi dobäi. Et kann een awer kloer soen, datt sech vum 1. Januar un 2.000 Leit gemellt hunn, fir wielen dierfen ze goen.

Tëscht Juli an Oktober wäerten awer och bestëmmt nach vill Leit an d'Stad eran oder eraus plënneren, eng Rëtsch d'Lëtzebuerger Nationalitéit kréien, sou datt dee Chiffer och nach net definitiv ass, huet de Patrick Goldschmidt nach betount.

Skyliner bis 20. August, neie Site fir VDL

Da gouf nach ugekënnegt, datt de City Skyliner méi laang wéi virgesinn, bis den 20. August op der Place de la Constitution wäert stoen an de neien Internetsite vun der Ville de Luxembourg ass zanter e Mëttwoch de Moien en ligne.