VIDEO: Kaderprogramm presentéiertKPL bei Gemengewahle fir méi eng demokratesch Matbestëmmung

An hirem Kaderprogramm fir d'Gemengewahlen vum Oktober schwätzt sech d'Kommunistesch Partei virun allem fir méi demokratesch Matbestëmmung aus.

KPL: E Manifest fir d'Wahlen (20.07.2017)
D'Kommunistesch Partei trëtt mat oppene Leschte bei de Gemengewalen den 8. Oktober un.

En Donneschdeg huet d'KPL hire Wahlprogramm virgestallt. Jiddereen, dee sech vun hiren Iddien ugesprach fillt, kann deemno op hirer Lescht kandidéieren, ouni Parteimember ze sinn. A fënnef Gemenge wëllen d'Kommuniste mat an d'Wale goen a plaidéieren fir méi Demokratie.

Kaderprogramm vun der KPL / Reportage Eric Ewald



D'Kommunistesch Partei trëtt bei de Gemengewahle mat oppene Lëschten un, op deenen also och Leit kënnen drop sinn, déi net Member vun der Partei sinn: Dat war en Donneschdeg de Moie bei der Presentatioun, zu Esch, vum Kaderprogramm vun der KPL fir den 8. Oktober gewuer ze ginn.

Schwéierpunkte vun de Kommunisten, déi an der Stad, zu Esch, Déifferdeng, Rëmeleng a Suessem untriede wëllen, sinn ënnert anerem d'Sozial- an d'Schoulpolitik. Donieft gëtt sech am Programm awer och mat der Wunnings- an der Transportproblematik befaasst.

Et sollt een d'Leit zum ëffentlechen Transport bréngen, fir de Verkéiersproblem ze léisen, sot de President Ali Ruckert. Deen ëffentlechen Transport sollt och verbessert ginn an näischt kaschten.

Ali Ruckert: Et war jo mol eng Regierungspartei, d'LSAP fir se net ze nennen, déi huet gesot, wa mir an d'Regierung kommen, da gëtt den ëffentlechen Transport gratis. Et ass awer just an déi aner Richtung gaangen. Haut bezuelen déi jonk Leit an d'Rentner méi.

Well ëmmer méi Leit Problemer hätten, fir eng Wunneng ze fannen, misst donieft méi gebaut ginn a méi, wat ze bezuelen ass.

Ali Ruckert: Do mussen d'Gemengen, wann de Staat net ëmmer mat zitt, selwer Initiativen huelen. 

An e puer Gemengen, an deenen d'KPL untrëtt, wären d'sozial Problemer iwwerduerchschnëttlech héich, huet de Vize-President Gilbert Simonelli betount, mat virun allem vill Jugendchômage, méi RMG-Bezéier a méi Leit, déi net vill verdéngen.

Gilbert Simonelli: Mir fuedere mol direkt, dass an de Gemengen Sozialprogrammer opgestallt ginn, Bestandsopname musse regelméisseg gemaach ginn, fir dass ee gesäit, wou de Schung am Meeschten dréckt. An dass déi Sozialprogrammer net nëmmen Theorie solle sinn, mä och mat Praxis gefëllt solle ginn. 

D'Hëllefe fir dës Leit sollten och méi onbürokratesch fléissen a méi Aarbechtsplaze fir Onqualifizéierter geschafe ginn.

Donieft wëllen d'Kommunisten d'Gesamtschoul aféieren, fir dass et zu méi Chancëgläichheet an der Educatioun kënnt. Bei der KPL ass een der Meenung, dass d'Orientéierung eréischt nom 9 Schouljoer soll stattfannen, sou den Alain Herrmann.

Dacks kéim et nach zu enger Entwécklung dono, an Aarbechter- an Immigrantekanner sollte méi Nohëllef kréien.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.