VIDEO: GemengewahlenDéi Gréng mat 466 Kandidaten opgedeelt op 34 Lëschten

''Gréng wierkt'' heescht d'Campagne vun déi Gréng fir d'Gemengewahlen am Oktober.

Gemengewahlen: "Gréng wierkt" (28.08.2017)
Déi Gréng mat 466 Kandidaten opgedeelt op 34 Lëschten.

Domat well d'Partei weisen, dass hir gréng Iddien an der Vergaangenheet eppes bruecht hätten, an och an Zukunft e positiven Impakt op Lëtzebuerg kéinten hunn. Nieft enger nohalteger an ëmweltfrëndlecher Politik kënnt et deene Gréngen awer och op e soziaalt Zesummeliewen an de Gemengen un. Wat d'Resultat no de Walen ugeet, erwaarden déi Gréng keng gréisser Stëmmeverloschter.

Wahlkampf vun déi Gréng/ Reportage Pierre Jans

Déi Gréng zéie mat 466 Kandidaten opgedeelt op 34 Lëschten an de Wahlkampf. Héich motivéiert an optimistesch, wéi déi duebel Parteispëtzt vun déi Gréng betount. Op déi nei Lëschten zu Klierf, Schëtter a Stengefort wär een houfreg, genee ewéi op eng Fraequot vu bal 50 Prozentesou d'Presidentin Françoise Folmer.

D'Lëtzebuerger Loft- a Waasserqualitéit wär schlecht, bekloen déi Gréng. Deemno géif ee sech dofir ganz bestëmmt asetzen. Genee ewéi fir d'Biodiversitéit. Dass d'Natur deene Gréngen um Häerz läit ass jo gewosst. E wichtege Pilier am Programm wär awer och d'Mobilitéit. An do misst all Gemeng Responsabilitéit iwwerhuelen.

Tempo 30-Zonen, nei Konzepter fir Parking, Foussgängerzonen a Verkéiersberouegung, genee ewéi och de Car-Sharing wäre méiglech Piste fir dëst Zil ze areechen. Och fir d'Situatioun um Wunnengsmaart an de Greff ze kréien, hätt ee Proposen esou de Parteipresident Christian Kmiotek.

D'Kannerbetreiung an de Gemenge misst och amelioréiert ginn, fannen déi Gréng. Veräiner wären iwwerdeems eng ideal Integratiounsméiglechkeet.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.