Süden oder ZentrumKoplescht-Briddel-Referendum: Wahlbezierk-Wiessel?

"Dat gouf et nach ni", soe se zu Koplescht. Eng Gemeng wëll net méi mat hirem Wahlbezierk.

Referendum Koplescht/Reportage Pit Everling



Am Mamerdall plädéiere se d'Scheedung vum Süden an an der Plaz eng Hochzäit mam Zentrum. Obwuel dat sécherlech net sou einfach wäert goen, sollen an enger éischter Phas elo mol d'Kopleschter Bierger tranchéieren, an zwar parallel zu de Gemengewahlen den 8. Oktober.

Datt d'Zesummesetzung vun eise 4 Wahlbezierker heiansdo gelungen ass, dat ass gewosst, zum Beispill feelt jo d'Circonscriptioun Westen einfach mol komplett. Well et no Kantoner geet, huet een dann emol d'Situatioun, datt zum Beispill eng Gemeng Simmer zum Süde gehéiert, d'Nopeschgemeng Tënten zum Zentrum an d'Gemeng Sëll, déi mat den 2 genannte Gemengen och Noper ass, si gehéiert zum Norden. E bëssen apaart hänkt eben och Koplescht op der Kaart do, d'Gemeng läit nërdlech vun der Stad, gehéiert awer zum Süden. De Buergermeeschter Romain Adam sot, datt ee soziodemografesch méi no beim Zentrum géing leien. Et wier eng Demande vun de Leit.

En Argument wier zum Beispill dat, datt d'Gemeng nach ni en Deputéierten hat, d'Kopleschter an d'Briddeler Leit hätten ebe besser Kontakter an der Stad ewéi am Süden. Déi Gréng hunn um Enn via eng Motioun Neel mat Këpp gemaach. Dës gouf unanime ugeholl.
Natierlech gëtt et ganz vill Bedenke wat déi praktesch Ëmsetzung géing ugoen, ass déi iwwerhaapt ze realiséieren, wéi ass et mam Kanton? Hätt de Wahlbezierk Süden da manner Sëtz ze gutt ?...etc De Romain Adam weess natierlech, datt déi Froen zirkuléieren. Hie mengt awer, datt d'Konsequenze fir d'Gemeng, an der Praxis, éischter manner grouss wieren. Et si vill Froe gestallt ginn iwwer d'Gemengesyndikater. Dat hätt awer näischt mam Wahlbezierk ze dinn. Ob een da misst aus dem Kanton Capellen erausgoen, dat misst d'Regierung an de Legislateur duerno kucken.

Sollt et e positive Vote ginn, da wier et schwéier soen, wéi do reagéiert gëtt, seet de Buergermeeschter, zu Koplescht si se awer mol gudder Déng. Et géif een de Referendum net ofhalen, wann ee guer keng Chance op ee Jo géing gesinn. Duerno misst déi politesch Responsabel op nationalem Niveau Konsequenzen dorausser zéien.

Den 20. September ass an der Gemeng Koplescht eng Informatiounsreunioun.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.