VIDEO: CSVKanner, Mobilitéit a bezuelbare Wunnraum am Mëttelpunkt

An de Proporzgemengen geet d'CSV den 8. Oktober iwwerall mat komplette Lëschten an d'Gemengewahlen.

CSV a Gemengewahlen (05.09.2017)
Kanner, Mobilitéit a bezuelbare Wunnraum am Mëttelpunkt

CSV/Reportage Dany Rasqué



Am Ganze kandidéieren an deene Gemenge 600 CSV-Memberen. 62 Prozent dovunner si Männer, 38 Prozent Fraen. Den Altersduerchschnëtt läit bei 47,5 Joer.

440 Kandidaten hunn den Ament kee Mandat, 111 Leit si fir d'CSV als Conseiller an engem Gemengerot, 31 Leit als Schäffen an 18 Persoune si Buergermeeschter.

D'CSV setzt bei de Gemengewahlen op Erneierung. Fir 57,5 Prozent vun de Kandidaten aus de Proporzgemengen ass et déi éischte Kéier, datt si mat ginn. De Gros vun den Deputéiert ass och op enger Lëscht, zwee Stéck net: Dat sinn de Claude Wiseler an de Paul Henri Meyers.

Et stinn dräi Sujeten am Mëttelpunkt vun der Campagne. Dat sinn d'Kanner, d'Mobilitéit an de bezuelbare Wunnraum. Déi Sujete goufen op nationalem Plang fir d'Gemengewahle festgehalen. Fir all Gemeng gëtt et natierlech en eegene Wahlprogramm, mä der CSV ass et wichteg, datt déi lokal an déi national Politik kohärent ass. Bei all dëse Sujeten geet et net ouni, datt déi national a kommunal Politiker zesummeschaffen.

© Alex Aach / RTL Télé Lëtzebuerg


Et wéilt ee konstruktiv an de Gemenge Politik maachen, ob an der Majoritéit oder an der Oppositioun, mee haaptsächlech wëll ee gestäerkt aus de Wahlen erausgoen, sou de Parteipresident Marc Spautz.

Koalitiounsaussoen, huet d'CSV iwwerdeems ënnerstrach, wëll si am Contraire zu anere Parteien, virun de Wahlen keng maachen.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.