Preparative fir d'GemengewahlenE Joer intensiv Aarbecht fir den Dan Kersch a seng Equipe

E Mount virun de Gemengewahle lafe d'Virbereedungen am Inneministère an an de Gemengen op Héichtouren. Den Dan Kersch erkläert déi ganz Prozedur.

An engem Mount ware mer wielen a wësse schonn an de groussen Zich, ob et a verschiddene Gemengen zu Changementer kënnt oder alles beim Ale bleift. Fir den Inneministère an och déi aner Acteuren, déi dru bedeelegt sinn, bedeiten d'Gemengewahlen ëmmer ee groussen logisteschen Opwand. Zanter Woche lafen d'Preparative fir den 8. Oktober op Héichtouren.

Eng vun den Erausfuerderungen ass déi, dass Gemengen am Proporzsystem wielen, déi aner am Majorzsystem. Fir de Bureau Centralisateur vum Staat bedeit dat natierlech duebel Aarbecht. Dem Inneminister Dan Kersch no hätt een awer och dës Erausfuerderung am Grëff. Dobäi kënnt, dass bei de Gemengewahle vill méi Kandidaten an d'Course gi wéi bei de Chamberwahlen.

Zanter e Freideg den Owend ass gewosst, wien déi eenzel Parteien an d'Course schécken. Dunn nämlech ass den Delai ofgelaf fir den Depot vun de Kandidatelëschten.

"Ëmmer méi Leit sinn un dësem demokrateschen Akt bedeelegt", analyséiert den Dan Kersch, "entweder well se selwer wëlle Kandidat sinn oder well wesentlech méi Leit bei de Gemengewahle wiele gi wei bei de Chamberwahlen, well eng Rei Leit, déi d'Lëtzebuerger Nationalitéit net hunn, sech un de Wahlen bedeelegen"
An der leschter Ligne droite
Fir dass d'Kommunalwahle korrekt kënnen oflafen, sinn direkt e puer Acteuren gefuerdert. Nieft dem Inneministère sinn dat de Staatsministère an de Service Information et Presse an Zesummenaarbecht mat de Gemengen an de Presidente vun de Wahlbüroen.

Fir den Inneminister Dan Kersch ass et wichteg, dass Leit mat Erfarung d'Wahlen organiséieren: "Am Ministère sinn et fréier Distriktskommissären, déi sech mat hiren Equippen an hir Servicer dorëmmer këmmeren. Mir schaffe schonn zanter engem Joer intensiv drun an elo komme mir an déi lescht Ligne droite."

Och wann d'Gemengewahlen ee logisteschen Defi duerstellen, si se fir den Inneminister déi demokrateschst Wahlen, déi et ginn. Dem Dan Kersch no sinn "déi Leit, déi gewielt ginn, déi, déi am Dagdeeglechen d'Decisiounen huelen, déi d'Leit direkt betreffen."

"Fairness muss spillen"

Wichteg ass fir den Dan Kersch awer och, dass alles korrekt a fair ofleeft an net gefuddelt gëtt. Dowéinst am Virfeld vun de Wahlen dësen Appell vum Inneminister: "Fairness muss spillen. Bis elo ass eis dat relativ gutt gelongen. Mir hunn et fäerdegbruecht de Ball flaach ze halen en ech wäert déi doe Linn probéieren, weiderzeverfollegen bis den 8 Oktober."

Wéi fair déi eenzel Kandidate mateneen ëmginn, oder och net, kann een am Kader vun eisen Table Ronden konstatéieren. Am Virfeld vun de Gemengewahlen geet de Radio déi nächst véier Wochen eraus an d'Gemengen fir de Lokalpolitiker op den Zant ze fillen. No enger éischter Table Ronde, déi e Samschdeg zu Esch war, gi mer iech muer Rendezvous zu Hesper, wou d'Spëtzekandidate vun deenen eenzele Parteien dann eise Journalisten Ried an Äntwert stinn. Table Ronde ass vun 12 bis 1 Auer, live am Centre Braun nieft der Gemeng, et kann een se och hei op der Antenne an op rtl.lu suivéieren.