GemengewahlenD'Stater CSV geet mat sechs Prioritéiten an d'Wahlen

Mam Motto „Ons Stad liewen“ geet d’Stater CSV an d'Gemengewale vum 8. Oktober. Déi Chrëschtlech-Sozial hu 6 Prioritéite fir hir Campagne definéiert.

De Serge Wilmes (07.09.2017)
/

Mam Motto „Ons Stad liewen“ geet d’Stater CSV an d'Gemengewale vum 8. Oktober. Déi Chrëschtlech-Sozial hunn en Donneschdeg de Moie 6 Prioritéite fir hir Campagne definéiert. Dozou gehéieren ënner anerem d’Mobilitéit, d’Wunnen, d’Sécherheet an de Commerce.

Et ass Zäit fir en neie Wand an der Stad: Dat sot de Serge Wilmes bei der offizieller Presentatioun vum Programm vun der Stater CSV fir d’Gemengewale vum 8. Oktober. Dee Programm gesäit 6 Prioritéite vir, woubäi den Haaptakzent op der Mobilitéit an dem Wunne läit.

Wat d’Mobilitéit ugeet, wär ganz vill Trafic d’Konsequenz dovun, dass all Dag eng 120.000 Leit an d’Stad schaffe kommen. Wat d’Wunne betrëfft, misst ee sech et nees leeschte kënnen, fir an der Stad ze wunnen, an d’Stad misst och méi bauen, esou de Spëtzekandidat vun der Stater CSV:

Well d'Stad, respektiv d'Gemeng, huet d'Moyen fir e "Promoteur public" ze ginn, dee méi mécht, wéi dat, wat bis elo de Fall war. Dat an Zesummenaarbecht mat den aneren ëffentlechen Acteuren an de Promoteuren, déi an der Stad bauen. Wann een awer näischt mécht, kann een net méi abordabele Wunnraum an der Stad schafen. Och d'Mobilitéit muss verbessert ginn, well dat dréckt op d'Liewensqualitéit vun de Leit, déi an der Stad wunnen, a vun deenen, déi an d'Stad schaffe kommen. Et muss een dofir suergen, datt méi Leit, déi an der Stad schaffen, dann och an der Stad wunnen. Fir d'CSV ass dat déi éischte Mesure, wann een d'Mobilitéit wëll verbesseren.

Extrait Serge Wilmes

A Saache Mobilitéit wëll d’CSV Boulevarden zu Zéisseng a Märel baue loossen a sech a puncto Wunnen op de Kierchbierg an de Weste vun der Stad konzentréieren.

Weider Prioritéite vun de Chrëschtlech-Sozialen aus der Stad sinn ënner anerem nach d’Sécherheet an en dynamesche Commerce. D’Zil ass et, bei de Gemengewalen op d’mannst ee Sätz bäizekréien. D’CSV Stad huet iwwregens keng Preferenz, wat eng eventuell zukünfteg Koalitioun ugeet!

Bis den 8. Oktober geet d’CSV Stad fir sechs Rendez-vousen an d’Quartieren, tëscht dem 21. September an dem 5. Oktober. Donieft weist ee sech regelméisseg um Stater Maart.