GemengewahlenD'DP huet a 5 Gemengen fir d'éischte Kéier eng Lëscht

D'DP geet an 42 Proporzgemengen a mat 573 Kandidaten an d'Gemengewahle vum 8. Oktober.

Dat huet d'Demokratesch Partei um Freideg de Moie matgedeelt.

Ënnert de Kandidate si bal 35% Fraen, 121 JDL-Memberen an 49 net-Lëtzebuerger oder Leit mat der duebeler Nationalitéit.

Par Rapport zu de Wahle vun 2011 geet d'Altersmoyenne ëm 4 Joer op 42,5 erof. Et ass een zu Habscht, Fréiseng, Rëmeleng, Luerenzweiler a Klierf fir d'éischt mat enger Lëscht dobäi an et wëll een d'Zuel vu 7 Buergermeeschteren, 16 Schäffen a 71 Gemengerotsmemberen an engem Mount verbesseren, sot d'Presidentin Corinne Cahen.

Pressekonferenz vun der DP - Reportage vum Eric Ewald



Mat ë.a. den Haaptthemae Mobilitéit a Wunne geet d'Demokratesch Partei an d'Gemengewahle an engem Mount. D'erkläertent Zil vun der DP ass et, hir Politik an de Gemengen ëmsetzen ze kënnen, sot um Freideg de Moien d'Parteipresidentin Corinne Cahen, ouni e chiffréiert Objektiv ze nennen.

Do, wou d'DP an der Verantwortung ass, géifen d'Bierger gesinn, dass konkret fir si geschafft gëtt. Een Zil wär et, d'Liewensqualitéit an deene Gemengen eropzesetzen. Nom 8. Oktober wëll een awer och an anere Gemengen an d'Responsabilitéit kommen, fir déi kënnen aktiv mat ze gestalten.

En vue dovun, spiert de Vizepresident Max Hahn e gewëssenen Opdriff uechtert d'Land. Et hätt ee wéi gesot 5 nei Sektiounen, déi eng éischte Kéier mat an d'Course ginn, wat keng Selbstverständlechkeet wier.

Nieft der Héichbuerg Stad kuckt ee v.a. op d'Entwécklung am Süden, zu Esch an zu Diddeleng, wou et traditionell méi schwéier ass fir d'DP, an da gëtt et nach Déifferdeng. Do hätt een de Buergermeeschter gestallt, an do hätten d'Leit gesinn, wat an der Gemeng geschitt ass. Do misst dann d'Zil scho sinn, dass een nees an d'Verantwortung kënnt an de Buergermeeschter nees stellt. Och an allen anere Gemenge wier et natierlech d'Zil, dass een an d'Verantwortung wëll kommen, sou de Max Hahn weider.

© Robi Sinner


Gëtt da bei der DP net gefaart, dass eng gewëss Onzefriddenheet op nationalem Plang Repercussiounen op dee Lokale kéint hunn?

Et géif een an de Sondagë gesinn, dass d'Leit méi zefridde sinn, sou d'Corinne Cahen. Et hätt ebe bësse gedauert, bis Gesetzer a Kraaft getruede sinn, dofir war eventuell am Ufank d'Onzefriddenheet méi grouss. D'Corinne Cahen ass awer och der Meenung, dass national a lokal Politik zwee verschidde Puer Schong sinn. Dat Nationaalt géif een net an deem Kommunalen erëmfannen an ëmgedréint. Et géifen do an de leschte Joerzéngte genuch Beispiller ginn, déi dat géife beweisen, sou d'Corinne Cahen. Et géife Gemenge ginn, an deenen een extrem staark wier, an an deenen aneren, wou ee méi schwaach ass, wéilt een an d'Verantwortung kommen.

D'Parteispëtzt kuckt deemno mat Spannung a Virfreed op d'Wahle vum 8. Oktober.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.