VIDEO an AUDIO vun der Table rondeAniméierten Debat tëscht Spëtzekandidate vun Esch/Uelzecht

Moderéiert gouf d'Table ronde e Samschdeg vum Corinne Folscheid an Eric Ewald, Animatioun vum Yann Logelin.

Gemengewahlen: Table Ronde zu Esch - Reportage (09.09.2017)
De Wunnengsbau stoung am Mëttelpunkt vun den Diskussioune bei eisen Kollegen vu Radio Lëtzebuerg, déi zu Esch hir éischt Table ronde haten .

Esch huet aktuell eng 524 sozial Wunnengen. An Zukunft misst dës Offer awer weider ausgebaut ginn, seet d’Buergermeeschtech Vera Spautz.

Table Ronde Gemengewahlen Esch



Gemengewahlen 2017: Table ronde zu Esch (integral) (09.09.2017)
Moderéiert gouf d'Table ronde e Samschdeg vum Corinne Folscheid an Eric Ewald, Animatioun vum Yann Logelin.


Resumé Table Ronde Esch/Reportage Corinne Folscheid



Et war eng animéiert Diskussioun an der Mëttesstonn zu Esch an der Gemeng, tëscht de Kandidate vun deenen 8 Parteien, déi fir d'Gemengewahlen an der Minettemetropole untrieden. Et war iwwregens déi éischt Table ronde vun am Ganzen 8 hei op RTL Radio Lëtzebuerg, fir déi mir eraus op den Terrain ginn, fir de Lokalpolitiker op den Zant ze fillen. Besonnesch d'Stadentwécklung mat do den Theme Wunnen, Mobilitéit an och Chômage louch deenen 8 Kandidate ganz uewen.

D'Stad Esch ass sech am Gaangen, massiv ze veränneren, sot d'Buergermeeschtesch Vera Spautz, besonnesch wann een duerch d'Uelzechtstrooss geet. Et wiere vill Butteker bäikomm. Et misst diversifizéiert ginn. Et misst ee vun enger solidarescher op eng zirkulär Ekonomie iwwergoen, sou déi sozialistesch Gemengemamm, fir aktuell Projeten weider auszebauen. Sou zum Beispill zu Esch-Schëffleng oder op der Lentille Terre Rouge.

Fir den 1. Schäffen Martin Kox vun déi Gréng ass et wichteg, d'Bierger an déi eenzel Projeten matanzebezéien. Déi Bedeelegung wier garantéiert.

Eng kräfteg Datz gouf et vum CSV Spëtzekandidat Georges Mischo un d'Adress vun der rout-grénger Koalitioun zu Esch. Bei de gréisste Projeten hätt et gréisser Retarde ginn. Dem Gemengeconseiller no misst méi mat de Promoteure geschwat ginn. Esch hätt enorm Potential, et misst een deene Leit op d'Fanger klappen. Et wéilt ee jonk Leit op Esch unzéien, fir de Commerce nees opliewen ze loossen.

Déi Lénk wëllen am Laf vun den nächsten 10 Joer ronn 500 nei Sozialwunnengen zu Esch schafen, fir de Marc Baum alles anescht wéi ambitiéis. Et misst een net d'Gespréich mat de Promoteure verstäerken, mee et misst ee selwer d'Verantwortung iwwerhuelen.

Dem Pim Knaff vun der DP no ass et virun allem wichteg, Esch nees een neien Image ze ginn. Et misst ee méi op d'Kultur setzen.

De Kandidat vun der KPL, Zénon Bernard, huet vun engem Skandal geschwat, dass een et zu Esch net géif fäerdeg bréngen, soziale Wunnengsbau ze maachen.

Dem Jérôme Cattani vun der Piratepartei no misst d'Gemeng selwer als Proprietär optrieden, fir d'Wunnengsnout an de Grëff ze kréien.

Vum Louis Cimolino vun der adr war et de Reproche, dass sech d'Gemeng ze vill op grouss Projeten fixéiert, wéi zum Beispill de Belval, aner Projeten zu Esch selwer géifen dee Moment op der Streck bleiwen.




Den Iwwerbléck vun eisen Tables Rondes:

09/09     Esch-Uelzecht (12h00-15h00)

Mat der Buergermeeschtesch Vera Spautz (LSAP), dem Schäffe Martin Kox (déi Gréng), dem Gemengerotsmember Georges Mischo (CSV), den Deputéierte Marc Baum (déi Lénk), d'Gemengerotsmembere Pim Knaff (DP) a Zénon Bernard (KPL) an d'Spëtzekandidate Louis Cimolino (adr) a Jérôme Cattani (Piratepartei).


12/09     Hesper (11h00-14h00)

16/09     Klierf (10h00-13h00)

19/09     Ettelbréck (11h00-14h00)

23/09     Jonglënster (12h00-15h00)

26/09     Déifferdeng (11h00-14h00)

30/09     Gréiwemaacher (12h00-15h00)

03/10     Lëtzebuerg (11h00-14h00)

Déi lokalpolitesch Ronndësch-Gespréicher sinn ëmmer tëscht 12h00 an 13h00.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.