Gemengewahlen 2017A genee 4 Woche wësse mer méi!

De Countdown leeft, d'Kandidatelëschte goufen deposéiert, d'Campagnë goufe gestart, déi éischt Plakater hänken - de Sonndeg, 8. Oktober ka gewielt ginn.

Si gehéieren elo e gudde Mount zum Stad- oder Duerfbild: Wahlplakater um Bord vun der Strooss, hei eng Opnam aus dem Zentrum vu Jonglënster.
De leschte Freideg war, wann een esou wëll, "Einsendeschluss". Dunn ass d'Frist ofgelaf, sech nach als Kandidat fir d'Gemengewahlen opzesetzen. Elo weess de Wieler op d'mannst schonn emol, tëscht wiem hie wiele kann.

IWWERBLÉCK: Hei geet et bei d'Lëschte mat de Kandidaten an den eenzelne Gemengen ...

Interessant ass och, wéi ënnerschiddlech déi Deadline an de jeeweilege Gemenge gehandelt gouf. Déi eng hunn direkt no 18 Auer komplett Kandidatelëschten un d'Medie verschéckt an deemno wéi souguer och op de gemengeneegene Site gesat, anerer waren éischter stomm - bis dato weder eng Notiz um Site, nach eng offiziell Info un d'Press ... *



An de Startlächer souzen deen Ament awer schonn d'Parteien respektiv d'Politiker, op d'mannst emol d'Politprofien ënnert hinnen - de Samschdeg ass jo de Startschoss fir d'Campagne gefall an direkt um Hallefnuecht hunn eenzelner zu Drot a Leeder gegraff an sinn déi éischt Plakater opgehänke gaangen.

Op Facebook hunn zum Beispill déi lokal Sektioune vun deene Rouden an deene Bloen zu Walfer matgedeelt, datt si matten an der Nuecht op Promotour waren ...





E Samschdeg an der Mëttesstonn war dunn nach den Tirage vun de Lëschtennummeren, dat op 8 Plazen am Land. An der Mëttesstonn huet d'Presidentin vum Bezierksgeriicht an der Stad, Joséane Schroeder, d'Lëschtennummere fir d'Wahlen den 8. Oktober gezunn. Landeswäit ginn déi Gréng mat der Nummer 1, d'LSAP mat der 2, CSV mat der 3 an d'DP mat der Nummer 4 an d'Course.

Am nationale Lousdëppe ware just déi Parteie vertrueden, déi an op d'mannst 24 Proporzgemengen - also an der Majoritéit vun de Proporzgemengen - eng Lëscht deposéiert haten. Dat trëfft op d'Adr, déi Lénk, d'KPL an d'Piraten net zou. Si sinn an engem zweeten Tour gezu ginn. Dat Resultat gëllt allerdéngs nëmmen fir d'Stad Lëtzebuerg. An der Haaptstad geet d'KPL mat der Nummer 5, d'Pirate mat der 6, d'Adr mat der Lëscht 7 an déi Lénk mat der Lëscht 8 an d'Course.

Alles an allem goufen et nach sou lokal Tiragen a 7 anere Gemengen.

Lëschtennummere goufe verloust (09.09.2017)
E Samschdeg an der Mëttesstonn war den Tirage vun de Lëschtennummeren, dat op 8 Plazen am Land.


* Nach en Hiweis an eegener Saach un d’Gemengen: Mailt eis w.e.g. d’Lëschten onbedéngt a Formater, aus deenen een erauskopéiere kann, also Text-Dateien. Evitéiert w.e.g. gescannte PDFen, dat ass zousätzlech Aarbecht, wouduerch de Feelerrisiko klëmmt. Merci fir Äert Versteesdemech. - Dir kënnt eis einfach op online[at]rtl.lu mailen. Mir sinn am Gaangen, eis "Landkaart" ze komplettéieren. Décke MERCI am Viraus!

IWWERBLÉCK: Hei geet et bei d'Lëschte mat de Kandidaten an den eenzelne Gemengen ...

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.