GemengewahlenAn der Aerenzdallgemeng si 5 Kandidaten direkt gewielt

Et geet ëm déi 5 an der Sektioun Iermsdref. An der Sektioun Miedernach sti fir 6 Poste 7 Kandidaten zur Wiel, esou datt an der Gemeng awer gewielt gëtt.

Hei d'Kandidaten aus der Aerenzdallgemeng:

Wichteg ze ernimmen ass, datt wéinst der Fusioun aus dem Joer 2011 an zwou verschiddene Sektioune gewielt gëtt, déi aus de fréiere Gemenge Miedernach an Iermsdref bestinn.

Well an der Iermsdrefer Sektioun sech just 5 Kandidate fir 5 Plazen am Gemengerot gemellt hunn, sinn dës Kandidat direkt gewielt.

An der Miedernacher Sektioun hu sech 7 Kandidate fir 6 Plaze gemellt.

Esouwuel d'Leit aus der Miedernacher ewéi och aus der Iermsdrefer Sektioun stëmmen also den 8. Oktober just iwwert déi Miedernacher Kandidaten of, wou si maximal 6 Kräizer maachen däerfen.

Section électorale de Medernach: 7 Kandidate fir 6 Plazen (musse gewielt ginn)

BINTZ Bob, fonctionnaire communal, échevin

FELLER Jeff, juriste, échevin

FELLER Marc, menuiser

KISCH Nico, ingénieur en génie civil, conseiller communal

KRIER épouse VITAL Carole, secrétaire

UNSEN Eugène, chauffeur de bus, conseiller communal

ZEIHEN Pascal, professeur, conseiller communal

Section électorale d'Ermsdorf: 5 Kandidate fir 5 Plazen (direkt gewielt)

BALTES Daniel, agriculteur biologique, conseiller communal, proclamé élu

HOFFMANN Claude, ajusteur, conseiller communal, proclamé élu

KIRSCHTEN André, fonctionnaire de l'Etat, bourgmestre, proclamé élu

RIES Francis, employé, proclamé élu

SCHMIT Jean-Pierre, cultivateur, échevin, proclamé élu

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.