VIDEO: Stater Gréng"Gréng wierkt, an onser Stad“, sou de Slogan

Mat deem Slogan presentéiere sech déi 27 Kandidate vun Déi Gréng an der Stad.

"Gréng wierkt, an onser Stad", sou de grénge Slogan (11.09.2017)
Mat deem Slogan presentéiere sech déi 27 Kandidate vun Déi Gréng an der Stad.

PDF Depliant mam Programm

Genee dat hätt d'Partei an deene leschte Jore bewisen, an esou wéilten si an Zukunft weider schaffen, sou de Spëtzekandidat François Benoy. Dat géif der Liewensqualitéit vun alle Leit eppes bréngen: Mir hunn den Tram an d'Stad bruecht, mir hunn de Vëlo an d'Stad bruecht a mir hunn eng uerdentlech Kannerbetreiung gemaach, déi iwwer de ganzen Dag geet. Esou wëlle mir weidermaachen.

De François Benoy


Déi bescht Chance fir Kanner a Jugendlecher, de lokalen Handel an d'Bedeelegung vun de Bierger an der Gemeng fir ee gutt Zesummeliewen, dat steet alles um Wahlprogramm. Da spillt fir Déi Gréng d'Mobilitéit an der Stad eng zentral Roll. D'Spëtzekandidatin an aktuell éischt Schäffe Sam Tanson erkläert, datt dës Mobilitéit een Deel vun der Loftverschmotzung ass, een Deel vum Kaméidi ass an een Deel vun Am-Stau-Stoen ass. Aus deem Grond misst een an de nächste Joren nach ganz vill um ëffentleche Verkéier schaffen, wéi den Tram an d'Extensioune Richtung Cloche d'Or, Richtung Hollerech, Richtung Leideleng a Richtung Mamer.

D'Sam Tanson

Donieft wëllen Déi Gréng d'Infrastrukture ronderëm de Vëlo ausbauen a verbesseren. Och a Punkto Logement huet d'Partei Projeten: Si wëllen sech ënnert anerem fir méi sozial Wunnengen asetzen a bezuelbar a gréng Wunnraim schafen, zum Beispill um Terrain vum Stade Josy Barthel, vu Villeroy et Boch a beim Parc zu Gasperech.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.