Maulkuerf géint KPL?Kommunistesch Partei vun Tables rondes ausgeschloss

An engem Communiqué huet KPL sech doriwwer beschwéiert, datt si vun der Regierung zu kenger Table ronde ageluede gouf.

© RTL

D'KPL reegt sech op, well si duerfen net bei deene 6 offiziellen Tables rondes fir d'Gemengewahle bei RTL a beim Radio 100,7 dobäi sinn. Si ginn nämlech de Critère fir dës Tables rondes net gerecht. Dës Konditioune wiere vun der Regierung an vun de grouss Parteie festgeluecht ginn. fir déi kleng Parteie bei de Wahlen ze benodeelegen, sou d'KPL.

Maulkuerf fir d'KPL? / Reportage Anne-Sophie Heck


Et ass de Service Information et Presse ënnert dem Staatsministère, kuerz SIP, dee sech ëm Tables rondes këmmert, an och ëm d'Critèren fir op deene matzeschwätzen. Eng Partei muss voll Lëschte presentéieren, a Gemengen, déi zesummen op mannst 147.000 Awunner hunn, dat ass ee Véierel vun der Populatioun. D'KPL kënnt un dës Zuel net erun.

De Parteipresident Ali Ruckert seet, d'Konditiounen hätten no de leschte Gemengewahle geännert an d'Regierung a verschidde Parteie wéilten esou manner Leit ronderëm den Dësch kréien.

Virun e puer Joer bei de Parlamentswahlen ware schonn esou Tendenzen do, datt verschidde Parteien aus der Regierung gemengt hunn, et géifen ze vill Leit op deenen Tables rondes setzen. Dofir hu si dann dëst d'Kéier esou Konditioune gesat, déi anescht sinn, wéi déi leschte Kéier an déi dozou féieren, datt een der KPL seet, datt si net bei den Tables ronden dobäi kéint sinn.

Et wéilt een der KPL eng Zort Maulkuerf undinn an d'Konditioune wieren net demokratesch. D'KPL misst fir Tables rondes zougelooss ginn. An der Stad Lëtzebuerg huet een 19 vu 27 Kandidaten. Wann een dat prorata géif kucken, géif een domadder iwwer déi Zuel vun Awunner kommen, déi ee bräicht, fir bei den Tables rondes matzemaachen. Wann d'Regierung dann demokratesch wier, misst d'KPL bei all Table ronde um Radio an der Tëlee zougelooss ginn, sou den Ali Ruckert.

Wéi d'KPL erfëllt och d'Piratepartei d'Konditioune fir d'Table rondes net. Dës wieren ongënschteg an et missten och kléng Parteien ouni voll Leschten dobäi sinn, mengt de Generalsekretär vun de Piraten Andy Maar.

D'Pirate kommen esou just net un dee Seuil, et läit ee bei ongeféier 135.000 Awunner. Generell ass ee bei de Piraten der Meenung, datt Parteien, déi a verschidde Gemengen untrieden, och d'Recht missten hunn, un nationalen Tables rondes deelzehuelen, respektiv invitéiert ze ginn. Grad wann ee Lëschten an esou grousse Gemengen huet, wéi d'Stad oder Esch.

D'Reglement wier bekannt gewiescht, ma et wier schwéier mat Zäiten d'Lëschte voll ze kréien an ze wëssen, ob ee fir Tables rondes zougelooss gëtt, sou nach den Andy Maar.

Vun de Responsable vum SIP krute mer keng offiziell Reaktioun. Vun de grousse Parteien huet de Generalsekretär vun der CSV, de Laurent Zeimet reagéiert.

Et gouf eng Reunioun mam SIP, seet de Laurent Zeimet, wou d'Spillreegele kloer erkläert goufen. Dee Moment huet och kee vun de Vertrieder vun de Parteie gesot, datt hien net domadder d'Accord wier. Elo ginn dann déi Reegelen, déi bekannt waren, applizéiert a méi ass dozou net ze soen, sou de Politiker vun der CSV.

Extrait Laurent Zeimet



Déi Gréng, DP an d'LSAP hu sech net geäussert oder waren net ze erreechen.

PDF: De Communiqué vun der KPL

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.