VIDEO: RTL Télé LëtzebuergPunkt fir Punkt: E klenge Rappell iwwer d'Gemengewahlen

D'Kandidate si prett, d'Lëschte si gezunn an iwwerall uechtert d'Land ginn d'Bierger drun erënnert, datt Wahle sinn.

Punkt fir Punkt: E klenge Rappell iwwer d'Gemengewahlen (11.09.2017)
D'Kandidate si prett, d'Lëschte si gezunn an iwwerall uechtert d'Land ginn d'Bierger drun erënnert, datt Wahle sinn.

Den Optakt vun de Gemengewahlen ass gemaach. 284.577 Residente sinn opgeruff, den 8. Oktober hir Stëmmen ofzeginn, dorënner 12 Prozent Net-Lëtzebuerger.

Déi Gréng, d‘LSAP, CSV an DP sinn déi eenzeg Parteien, déi an iwwer 24 Proporzgemengen eng Lëscht deposéiert hunn an esou eng fest Lëschtennummer kritt hunn.

Ronn 3.500 Kandidatinnen a Kandidate stelle sech den 8. Oktober der Gonscht vun de Wieler.

Mir hunn elo bei de 4 gréisste Parteien nogefrot, wéi vill Kandidate si an d'Course schécken. D‘ CSV ass mat 600 Kandidaten an de 46 Proporzgemenge vertrueden. Bei Déi Gréng ginn déi meeschte Frae mat an d‘Wahlen an d‘DP ass mat engem Altersduerchschnëtt vun 42,5 Joer déi "jéngste" Partei

De Punkt fir Punkt vum Pierre Weimerskirch.



Den 8. Oktober gëtt gewielt. RTL informéiert op alle verschiddene Kanäl iwwert dës Wahlen.

Hei geet et bei d'Lëschte mat de Kandidaten.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.