ADR-Kandidatin aus der StadKrass Aussoen, konfus Erklärungen a séier Entschëllegungen

D'Christiane Kies huet op Facebook friemefeindlech Aussoe gemaach, déi awer antëscht geläscht. D'Partei wëll am Moment keng Konsequenzen zéien.

"Silence is Golden", dat dierft sech mëttlerweil och d'Christiane Kies denken, déi fir d'ADR mat an d'Gemengewahlen an der Stad geet. Als Kandidatin op enger Lëscht, deemno als Persoun vun ëffentlechem Interessi – wann een dat esou soe kann – misst een eigentlech seng Wierder ganz genee ofweien. Eigentlech ...

ADR-Kandidatin vs Moslemen (1/2) - Rep. Annick Goerens



D'ADR-Kandidatin, déi dem Internetsite vun der Partei no um Cents wunnt a Schrëftstellerin ass, hat op Facebook nämlech, direkt e puer Kéieren eng Partie Aussoe gemaach, déi friemefeindlech sinn a Moslemen op verschidden Aart a Weisen diskriminéieren.

"Muslime sinn a bleiwen Terroristen, dat wat se elo maachen, ass alles Schäinhellegkeet. Sou reagéiert de Lucifer: Fir d'éischt mécht en d'Leit dout an duerno entschëllegt hie sech. Lucifer ass den Engel des Lichtes. Jesus huet eng Kéier zu de Pharisäer gesot, euer Vater ist der Satan, denn er ist ein Lügner von Anfang an. An dat soen ech fir d'Muslimen, si sinn d'Kanner vu Lucifer an hire Koran ass dem Lucifer seng Bibel."

Och d'Commentairen, déi sech u spezifesch Persoune riichten, kléngen alles anescht wéi frëndlech:

"Den Ëmgang mat de Muslime steigert däi Selbstbewosstsäin, well bei hinne kanns du dech behaapten. Si sinn der Meenung, si hätten et mat enger wichteger Persoun ze dinn. Dat ass normal, well si si genee esou geeschtlech krank a gestéiert wéi s du. Also pass du ganz gutt zu hinnen."

Mëttlerweil huet d'ADR-Kandidatin all hir Kommentaren op Facebook, eegenen Aussoen no, vun engem Informatiker läsche gelooss. D'Christiane Kies reagéiert.

"Ech wëll elo weider keng Interviewe méi ginn. Ech hu just deen heien Text ... also just dat gesot, datt ech als Chrëscht kee Mënsch haassen an ech respektéiere jidderengem seng reliéis Fräiheet ... Ech hat dësen Artikel oniwwerluecht geschriwwen an ech entschëllege mech offiziell och bei dëse Leit ..."

Ëmmer nees kënnt och de Glawen an d'Spill, hei nach een Zitat vum Facebook:

"Wann s de mengs, ech sinn net nëmmen een intelligente Chrëscht, mä och een erléiste Chrëscht a Jesus Christus. Een, dee sech mat Muslimen ofgëtt, ass kee Chrëscht ..."

Doropshin d'Kandidatin: "Ech hunn absolut keng Relioun an ech gehéieren och net zu enger Relioun." Si wier fir Reliounsfräiheet a géif jidderengem seng Decisioun respektéieren ...

Den Amalgam tëscht Moslemen an Terrorismus gouf och méi wéi eng Kéier gemaach, ma do ruddert d'Christiane Kies elo zeréck.



PNG: D'Screenshotte mat den ëmstriddenen an antëscht geläschten Aussoen am Groussen.

Och op weidert Nofroe war awer net erauszefannen, firwat d'ADR-Kandidatin dës Aussoe gemaach huet ...

ADR-Kandidatin vs Moslemen (2/2) - Rep. Annick Goerens



... well d'ADR-Politikerin huet eis kuerzerhand den Telefon agehaangen.

Op Nofro bei der Parteispëtzt huet eis de President Jean Schoos verroden, dass hien näischt mat dëser Nominatioun ze dinn hat. D'Responsabilitéit léich eleng bei de Bezierker.

De Roy Reding, den selwer fir d'ADR an der Stad mat an d'Gemengewale geet, erkläert: "Mir sinn net inquisitoresch, mir ginn net bei neie Memberen an och net bei Kandidaten alles duerchwullen, wat se bis elo an hirem Liewe geschriwwen hunn." Och d'Parteie sollten eng gewëss Intim- a Privatspär respektéieren.

Wéi d'Lëscht deposéiert gouf hätt een natierlech näischt vun dësen Aussoe gewosst, erkläert d'Marceline Goergen, déi den Ament fir d'ADR am Stater Gemengerot sëtzt an och nees mat an d'Wahle geet.

Wat sinn dann elo d'Suitte fir d'ADR? Dat géif een elo am Nationalcomité kucken ... elo direkt géif een näischt maachen - si wéisst och net, wéi dacks esou Saache geschriwwe goufen.

Hir Kollegin hätt e risege Feeler gemaach, sou nach d'Marceline Goergen an dofir wéilt si sech am Numm vum Christiane Kies nach eng Kéier bei all Mënsch entschëllegen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.